HËLLEFT ONS BEI ONSEM FOTOARCHIV FOTOE VUN DER ALSTAD GESICHT.

De Comité ass zanter e puer Joer amgaang, e Fotoarchiv opzebauen, a wier ganz frou iwwert Är Mathëllef.

Mir sinn op der Sich no Fotoe vun der Alstad (et kënnen och Filmer sinn, déi dir selwer gedréit hutt). Dat kënnen Architekturfotoe sinn, vu kulturelle Manifestatiounen, selbstverständlech och vun der Éimaischen. Och si mir intresséiert u Fotoe vu sportleche Manifestatiounen, déi sech um Fëschmaart ofgespillt hunn, Fotoe vu Fëschmaarter Veräiner an hiren Aktivitéiten, vun der Méchelskierch oder vu reliéise Gebräicher ewéi z. B. Prossessiounen, Kommuniounen asw., och Fotoe vu Leit, déi um Fëschmaart gelieft hunn. Jee, mir sichen all Zort vu Fotoen oder Filmer, déi mam Fëschmaart ze din hunn.

De Comité Alstad wier frou, wa Leit, déi esou Fotoen oder Filmer hunn, dës zur Verfügung géife stellen, fir datt eng Copie kann dovunner gemaach ginn.

Et versteet sech vum selwen, dat Är Originaler mat der gréisstméiglecher Suergfalt behandelt ginn, an datt se onbeschiedegt hanneschtgeschéckt ginn. – Wien hëllefe kann oder weider Informatioune brauch, soll op der Telefonsnummer 46 61 88 uruffen. Fir Är Mathëllef elo schonn e ganz grousse Merci.