Chrëschtdags-Cadeau vum Comité Alstad

Als Chrëschtcadeau 2017 bitt de Comité Alstad eng Farde vu 5 Facsimileë vum Pierre Blanc

mat folgende Wierker un

  1. „La „Emäuschen vers 1800“ aus dem Joer 1929 (Privatkollektioun
  2. „Le maraudage de la ville par les Bourguignons au Fëschmaart“ – « Ënnert de Steiler » aus dem Joer 1929 (Kollektioun MNHA) …….
  3. „Construction du château de Luxembourg au Bock par Sigefroid en 963“ aus dem Joer 1915 (Kollektioun MNHA)
  4. „Le château de Mansfeld“ aus dem Joer 1927 (Kollektioun MNHA)
  5. „Faubourg du Grund“ aus dem Joer 1932 (Kollektioun MNHA)

Um Deckel vun der Farde ass en „Autoportrait avec casquette“ vum Pierre Blanc, aus dem Joer 1926 (Kollektioun MNHA).

De Moler Pierre Blanc, grad esou wéi de Joseph Kutter, ass an der Alstad gebuer: de Joseph Kutter an der Wiltheimstrooss, an de Pierre Blanc den 6. Juni 1872 an der Niklossgass op N°5, der haiteger Wassergaass. Hien ass den 30. März 1946 um Belair gestuewen.

Fir déi kommend Feierdeeg kënnt dir d’Farde am Format DIN A4, zum Präis vu 25 €

beim Comité Alstad bestellen, duerch Iwwerweisung op ee vun de Konte vum Comité Alstad :

  • Spuerkees: IBAN LU64 0019 1755 0897 0000
  • Postscheck: IBAN LU02 1111 0080 8736 0000
  • BGL-BNP Paribas: IBAN LU19 0030 7564 6694 0000

mam Vermierk : Farde Pierre Blanc

Den Erléis vun der Vente ass dëst Joër fir Fondatioun Letzeburger Kannerduerf

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.