De Péckvillchen 2018

De Péckvillche vum Comité Alstad ass jo schons Traditioun. Och fir d’Joer 2018 huet onse Member Serge Di Paoli nees e ganz flotte Péckvillchen entworf. Réaliséiert gouf de Péckvillchen vun dësem Joer vun zwee Nouspelter Aulebäcker, dem Laurent Kandel an dem Pauline Godfroid. Bestelle kann een de Péckvillchen vun elo u bis den 27. Mäerz 2018 beim Comité Alstad, duerch Iwwerweise vu 25 € pro Stéck op ee vun onse Konten :

bei der Spuerkees: IBAN LU64 0019 1755 0897 0000
oder Postscheck: IBAN LU02 1111 0080 8736 0000
oder bei der BGL-BNP Paribas: IBAN LU19 0030 7564 6694 0000
(mam Vermierk: Péckvillchen 2018)

Ofhuele kann ee säi bestallten a bezuelte Péckvillchen Ouschterméindeg, den 2. Abrëll 2018 op der Éimaischen um Fëschmaart, um Stand vum Comité Alstad, vu mueres 08:00 bis 17:00 Auer.

Wien net op d’Éimaische ka kommen, huet d’ Méiglechkeet, seng Bestellung an der Galerie “Konschthaus Beim Engel” op N° 1 an der Logegaass um Fëschmaart, vum 3. Abrëll bis den 30. Abrëll 2018 ofzehuelen, vu mueres 10:30 Auer – 18:30 Auer. (Méindes ass d’Galerie zou).

Déi Péckvillercher, déi bis dohinn net ofgeholl goufen, kommen dann nees an de Verkaf.

Et sief nach bemierkt, datt de Péckvillchen 2018 just an enger ganz klenger Oplo vun nëmmen 125 Stéck produzéiert gouf, nummeréiert a mat engem signéierten Zertfikat vum Artiste an deenen 2 Aulebäcker.

Mir wënschen Iech vill Freed mam Péckvillchen 2018.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *