De Plateau Dicks III – De Blannen Theis

Säit 1938 verkeeft de Comité Alstad all Joer, op der Éimaischen, en Objet wou den Erléis engem gudden Zweck zouerkannt gëtt. 1938 wor den éischten Objet eng Mapp „Lëtzebuerger Biller“ mat 3 Zeechnungen vum Joseph Probst. Motiver vun deenen Zeechnunge wore folkloristesch Personnagen aus der Welt vun onsem Nationaldichter “Dicks”. Mir hunn dunn op déi 3 Zeechnunge vum Joseph Propst zréckgegraff, a bidden Iech als Objet fir 2018.

Dest Joer bidden mir Iech den 3. a leschten Teller un mat dem Motiv „Juchhei! Ech sinn de blannen Theis“ no engem Gedicht vum „Dicks“.

Bestelle kann een de Plateau (30 cm Duerchmiesser) duerch Iwwerweise vun 25 € op ee vun onse Konten:

bei der Spuerkees: IBAN LU64 0019 1755 0897 0000
oder Postscheck: IBAN LU02 1111 0080 8736 0000
oder bei der BGL-BNP Paribas: IBAN LU19 0030 7564 6694 0000

Vermierk: Plateau Dicks *

Ofhuele kann ee säi bestallten a bezuelte Plateau Ouschterméindeg, den 2. Abrëll 2018 op der Éimaischen um Fëschmaart, um Stand vum Comité Alstad vu mueres 08:00 bis 17:00 Auer.

De Mathias Schou, besser bekannt als Blannen Theis, gebuer den 30. Mäerz 1747 zu Gréiwemaacher, gestuerwen de 17. Oktober 1824 zu Eech, war e Museker a Spillmann – haut géif ee wuel Entertainer soen -, deen als de Blannen Theis am ganze Land bekannt war. Iwwer säi Liewen ass wéineg bekannt. Mat senger Fra Barbe a mat sengem Hond si si uechter d’Land gezunn an hu Vollekslidder virgedroen. De Blannen Theis huet d’Gei gespillt a gesongen, seng Fra huet dobäi gedanzt. Hien ass ee vun deenen éischten, dee Vollekslidder systematesch gesammelt huet. Et ass net bekannt, ob hie selwer och Lidder komponéiert huet. Säi Repertoire gëtt engem en Abléck an d’Liewe vun de Baueren an den einfache Leit am 19. Joerhonnert, mat Lidder wéi: De klenge Männchen – Den Éim Steffen – Et leeft eng Geess iwwert d’Hesprenger Bréck – Et war e Meedchen zu Gëtzen – Hopp Marjänn – Léif Gevuedesch – Zu Arel op der Knippchen. Nach en etlech Joren no sengem Doud sinn Anekdoten a Spréchelcher vun him an iwwert hien erzielt ginn.

 

Vermierk: Plateau Dicks 3

Mir wëllen awer och drop opmierksam man, datt nach e puer Plateauen Dicks 1 (Mir zwee mir sollten ons bestueden!) an e puer Plateauen 2 (Mei Freier ass e Schuechtegfeer!) ze kréie sinn. Wann Dir dorunner intresséiert sidd, da ruft ons w.e.g. un op der Nummer 466188 oder 621522206 oder schreift ons en e-Mail.

Wien net op d’Éimaische ka kommen, huet d’ Méiglechkeet, seng Bestellung an der Galerie “Konschthaus Beim Engel” op N° 1 an der Logegaass um Fëschmaart, vum 3. Abrëll bis den 30. Abrëll 2018 ofzehuelen, vu mueres 10:30 Auer – 18:30 Auer. (Méindes ass Galerie zou).

Déi Plateauen, déi bis dohinn net ofgeholl goufen, kommen dann nees an de Verkaf.

 

 

Laisser un commentaire