Léif Sammler, Geschichtsfrënn a Frënn vun onser Alstad :De Comité Alstad asbl – Eng Zoukunft fir ons Vergangenheet – sicht fir e gréissere Projet an der Alstad (Fëschmaarter Quartier) an den nächste Joeren kënne ze réaliséieren, nämlech besonnesch déi 1963 realiséiert Hausschëlder op de Fassaden vum Krautmaart, der Fleschiirgaass, de Rouscht, d’Waasergaass an d’Wiltheimstrooss erëm und’Fassade vun der Alstad ze bréngen, an domat deene Stroossen a Gaassen hieren ale Charakter, wéinschtens deelweis, erëm ze gin.An deene vergaangene Joeren sin déi „Fer-forgé“ Schëlder, déi de fréiere Conservateur a Matbegrënner vum Comité Alstad mat vill Gedold zesummegesicht hat an se op Käschte vum Comité Alstad vu lëtzebuerger Konschtschmett ufäerdege geloos hat fir de Millenär vun der Stad Lëtzebuerg 1963, verschwonn, entweder verkaaf oder zerstéiert gin ?? Hannendru fann dir e puer nach erhale Fotoen, als Beispill. De Comité Alstad mecht dofir en Opruff fir Fotoen oder esouguer Iwwerreschter, Zeechnungen vun deenen Haus- oder Zonftschëlderzur Verfügung gestallt ze kréien, fir déi Schëlder restauréieren oder nei maachen ze loossen.Iwwregens sin all Fotoen oder aner intressant Infoen iwwert de Millenär wëllkomm beim :Comité Alstad asbl14 rue SigefroiL-2536 Lëtzebuerg Tel : 46 61 88E-mail: comite.alstad@pt.lu Internet: www.comitealstad.lu oder und de President, Guy Jourdain :E-mail: guyjourdain12@gmail.com