Comité Alstad

Plang vun der Stadt Letzebuerg aus dem Joer 1890, e schéine Cadeau fir déi kommend Feierdeeg!

Plang vun der Stad Lëtzebuerg aus dem Joer 1890

De Jean-Pierre Biermann, gebuer de 15. Dezember 1842 zu Klierf, gestuerwen den 3. Juli 1908 an der Stad Lëtzebuerg, war en Architekt an Historiker. Hien huet Guiden a Pläng iwwer d’Stad Lëtzebuerg erausginn.

De Comité Alstad bidd Iech elo fir déi kommend Feierdeeg vum Joeresenn e Faksimile u vum “Plan de Luxembourg en 1890”, am Originalformat 49 x 52 cm. D’Original gëtt am Musée um Fëschmaart versuergt.

Dir kënnt de Plang bestellen:

  1. zum Präis vun 30,00 €, wann Dir e selwer bei ons ofhuelt.
  2. zum Präis vun 35,00 €, wann Dir e wëllt mat der Post heem geschéckt kréien.

    Bild 1
  3. zum Präis vun 320,00 €, agerummt (Bild 1 – Passe-partout biseauté 6,5 cm,    Holzkader,loup noyer, Récksait Karton, an Antireflexglas).
  4. zum Präis vun 380,00 €, agerummt (Bild 2 – Passe-partout biseauté 6,5 cm, Holzkader : argent antique, Récksait Karton, an Antireflexglas).

    Bild 2

 

Bestelle kann een de Plang beim Comité Alstad duerch Iwwerweise vun der entspriechender Zomm op ee vun onse Konten:

bei der Spuerkees: IBAN LU64 0019 1755 0897 0000
oder Postscheck: IBAN LU02 1111 0080 8736 0000
oder bei der BGL-BNP Paribas: IBAN LU19 0030 7564 6694 0000

(mam Vermierk: Stadplang 1890)

Et sief awer och nach bemierkt, datt de Stadplang aus dem Joer 1890 an enger begrenzter Oplag erauskënnt an och numerotéiert ass. Bei all Plang leit eng Etiquette mat deenen néidegen Explikatiounen, déi ee, wann de Plang agerummt ass, kann hannen drop pechen.

Ofhuele kann ee säi bestallten a bezuelte Stadplang vu Méindes, den 3. Dezember bis Samschdes, den 8. Dezember 2018 beim Comité Alstad

14, rue Sigefroi
L-2536 Lëtzebuerg

am fréiere Paschtoueschhaus vu Sankt Méchel
(vis-à-vis vum Staatsrot)

vu muerjes 09:00 Auer bis 12:00 Auer

Wann Dir nach op der Sich sidd no engem schéine Cadeau fir Famill oder Frënn fir déi kommend Feierdeeg, da wier de “Plan de Luxembourg en 1890” vum J.P. Biermann vläicht eng gutt Iddi.