Comité Alstad

Wat gëtt et neits fir déi 192. Éimaischen an der Alstad

Péckvillchen – Natirlech däerf onsen traditionellen Péckvillche net feelen. Den desjähregen Peckvillchen huet onse langjähregen Member Sergi Di Paoli nees e ganz flotte Péckvillchen entworf. Réaliséiert gouf de Péckvillche vun dësem Joer awer an den Atelieren vun der Ligue HMC zu Capellen, an doriwer si mer och ganz frou.

Bestelle kann een de Péckvillchen vun elo u bis den 15. Abrëll 2019 beim Comité Alstad, duerch Iwwerweise vu 30 € pro Stéck op ee vun onse Konten,
mam Vermierk: Péckvillchen 2019.

Et sief nach bemierkt, datt de Péckvillchen 2019 just an enger ganz klenger Oplo vun nëmmen 150 Stéck produzéiert gouf, nummeréiert a mat engem signéierten Zertfikat vum Artiste.

Den Erléis vun der Vente ass fir Kannercrèche op Almönster.

2 Espressotasen an ½ Pond Kaffi – No engem gudden Iessen drénkt en jo nach ewell ganz gär en Espresso. An dofir hu mer ons eppes spezielles afalle geloss. An engem flotten Emballage bidden mir iech 2 Espressotasen an ½ Pond Fairtrade Kaffi (100% Arabica) un, mat enger Vue op de Rampart an op Méchelskierch. Et ass eng Vue vum lëtzebuerger Kënschtler Lé Tanson.

Bestelle kann een de 2 Espressotasen mat dem ½ Pond Kaffi vun elo u bis den 15. Abrëll 2019 beim Comité Alstad, duerch Iwwerweise vu 50 € pro Set (2 Tasen + Kaffi) op ee vun onse Konten mam Vermierk: Espressotasen.

Vun den Espressotaasen gin et 125 x 2 Espressotaasen an en ½ Pond Fairtrade Kaffi.
Den Erléis vun der Vente ass fir Fairtrade Lëtzebuerg a.s.b.l.

Ofhuele kann ee seng bestallten a bezuelten Espressotasen a PeckvillchenOuschterméindeg, den 22. Abrëll 2018 op der Éimaischen um Fëschmaart, um Stand vum Comité Alstad, vu mueres 08:00 bis 17:00 Auer.

Wien net op d’Éimaische ka kommen, huet d’ Méiglechkeet, seng Bestellung bei ons am Büro op N° 14 an der Siegfriedstrooss (dat fréiert Paschtoeschhaus vu St. Méchel) um Fëschmaart, vum 23. Abrëll bis den 30. Abrëll 2019 ofzehuelen, vu mueres 09:00 Auer – 12:00 Auer.

Spuerkees: IBAN LU64 0019 1755 0897 0000
Postscheck: IBAN LU02 1111 0080 8736 0000
BGL-BNP Paribas: IBAN LU19 0030 7564 6694 0000
Banque Raiffeisen: IBAN LU77 0099 7800 0057 7023
 

 

Mir wënschen Iech vill Freed mam Péckvillchen 2019
a losst iech den Espresso gutt schmachen

 

Fir ons Kleng Frënn

Och vun 10:00 Auer un ass et d‘Valentina Becker do, eng professionnel Make-up- Artistin a Member vum Comité Alstad, fir gär a gratis onse klenge Frënn en hippe Face-painting ze verpassen. Fir weider Informatiounen iwwer Valentina Becker: www.valentinabecker.com

Mir hunn och erëm en ale Brauch ausgegruewen, an zwar « Eeërschëllen », dat 1982 fir d’lescht vun de Kanner gespillt gouf.  Eeërschëllen ass e Brullen (erof rulle loossen) vun Eeër iwwert eng Holzschinn. Wann een da mat sengem Ee eent vun deenen Eeër, déi um Bueden leien, téckt, dann huet een dat gewonn. Vun 10:30 Auer bis keng Eeër méi do sinn, ass all Kand invitéiert, fir mat ze spillen nieft dem Stand vum Comité Alstad um Rouscht. All Kand kritt en Ouschteree a ka säi Gléck probéieren.

 

Laisser un commentaire