Koloréierbuch „Callot / Mansfeld“ fir Jonk an Al

Beitrag oben halten

De Lëtzebuerger Szenograph, Kalligraph, Designer a Moler Gilles Becker, deen zu Wien établéiert ass, huet de Panorama vu 1753 vum Wenzel von Callot gescannt, vectoriséiert an deelweis nei gezeechent. Hien huet och zéng Usiichten aus dem dräidimensionale Modell vum Schlass vum Peter Ernst von Mansfeld ausgewielt a préparéiert, fir se faarweg ze molen.

Déi monumental an aussergewéinlech Vuën op d’Stad an d’Festung vu Lëtzebuerg am Joer 1753 vum Wenzel von Callot, am ganzen 213 cm x 35,3 cm, gouf 2018 vum Fuerscher Georg Kabierske an de Sammlunge vun der Albertina zu Wien entdeckt.

D’Koloréierbuch „Lëtzebuerg Alstad“ – 56 Säiten, eeseiteg gedréckt op 140 gr wäissen Offsetpabeier, am Format 29 x 22 cm – ka bestallt gin fir 25 € (Porto abegraff) beim Comité Alstad, duerch Iwwerweisung op onse Konnt bei der Spuerkeess

IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 a mat dem Vermierk « MOLBUCH ».

Koloréier- a Molbuch kënnt um Postwee bei iech heem.

De Comité Alstad ass iwwerzeegt, datt dës spillerech a pädagogesch Editioun de Spektrum vun touristesch-historesche Publikatioune beräichert, a Jonk wéi Al wäert begeeschteren, dës Usiichten ze fierwen an d’Geschicht vun onser Haaptstad besser kennenzeléieren.

Molbuch „Lëtzebuerg Alstad“, produzéiert vum Comité Alstad an enker Zesummenaarbecht mat de „Frënn vum Mansfeld-Schlass“.

D’Seeche vun der Kou a vun der Méck Aus dem Liewen vum Zënt Märten D’Seeche vum Zinniklos

3 kleng Geschichtercher an engem Sammelband vum Georges Schmitt

De Georges Schmitt (Matbegrënner vum Comité Alstad) huet an sénger laanger Carrière och Prosa op Lëtzebuergesch geschriwwen. Hien ass bekannt fir seng reimend Erzielungen vu Soen a Legenden, déi op Radio Lëtzebuerg iwwerdroe goufen. 1957 gouf den Text vum Radiospill „De Klés’che paakt“, dat vum Pe’l Schlechter illustréiert gouf, am Lëtzebuerger Land publizéiert.

„D’Spill vum Hellegen Niklos“ gouf opgefouert um Radio de 4. Dezember 1937. Dat Legendespill, geschriwwen a selwer illustréiert vum Georges Schmitt, koum 1944 am Uelzecht-Verlag, Letzebuerg eraus a gouf beim Bourg-Bourger gedréckt.

An dësem Wierk greift hien deen aale Legendestoff vum gewësselose Metzler op, deen déi dräi Bouwen ëmbréngt an déi dann vum Hellegen Niklos erëm zum Liewen operwächt gin. Hie léisst dobäi déi ganz Geschicht op eng gudd gelongen Art a Weis um Fëschmaart geschéien.  Seng Versen op Lëtzebuergesch sin nët nëmmen e Genoß fir d’Ouer mee och fir d’Aan.

« D’Séche vun de Ko‘ a vun der Méck » mat Biller vum Émile Probst, ass eng Geschicht vum Hésprenger an de Goldkierwerleken, déi och nom 2. Weltkrich erauskoum.

„Aus dem Liewen vum Zent Märten“ ass e weidert Buch, dat 1945 am Uelzecht-Verlag erauskoum – Text vum Georges Schmitt, Biller vum Emile Probst — an dat zum Bénéfice vum Zënt Märtes-Wierk verkaaft gouf.

Wat iwwert d’Reesen an den Openthalt vum hellege Märten bei ons hei bekannt wor, dat huet de Georges Schmitt op Lëtzeburgesch, mat Versen a Reimen niddergeschriwwen. Gewëss et ass net jidderengem séng Saach, esou eppes ze riskéieren : Kapitelen aus der Hellegelegend an aus der Kiirchegeschicht op Lëtzeburgesch ze schreiwen ! Nu gudd, den Dichter, deen ons 1944 d’Séchen vum Zinniklos an 1937 d’Spill vum hellegen Niklos geschenkt huet, hat domat bewise wat een an onser Sprooch leeschte kann. Hien huet sech am Märtesbuch genee un d’Legendentraditioun gehaalen. Dobäi huet den Emile Probst aacht Biller gemoolt. Et muss een sech e wéineg an déi Biller eraliewen, se zerguddst studéieren, fir ze gesin, wéi gudd se geplangt a wéi geschéckerlech se opgebaut an duerchkomponéiert sin. An dat trotz den einfache Mëttelen mat deenen den Artist geschafft huet : dräi Faarwen, einfach Linnen a grouß Flächen.

D‘Texter hu mir esou gelooss, wéi de Georges Schmitt se geschriwwen huet.  Op deene leschte Säite vun all Geschicht  fënnt de Lieser awer och den Text an der offizieller Lëtzebuerger Schreifweis. E grousse Merci zu gudder Läscht un de Robert Baddé, deen ons déi dräi Geschichtercher an d‘häitegt Lëtzebuergesch gesaat huet an un onse Member Serge di Paoli, deen e flotte Layout fir dës Rééditioun réaliséiert huet.

De Sammelband mat denen 3 Geschichtercher huet d’ Format 165 x 205 mm an huet 85 Säiten. Bestelle kann een de Sammelband vun elo un beim Comité Alstad, duerch Iwwerweise vu 23,00 € pro Sammelband op ons Kont:

bei der Spuerkees: IBAN LU64 0019 1755 0897 0000

(mam Vermierk: Sammelband Schmitt)

Är Bestellung kënnt dann nach virun de Feierdeeg um Postwee bäi Iech heem.

Mir wënschen Iech vill Freed mat dësen 3 Geschichtercher, a vläicht liest d’Mamm, de Papp, oder d’Groussmamm an de Grouspapp hiere Kanner an Enkelkanner dës flott lëtzebuergesch Geschichtercher während de Feierdeeg vum Joeresenn viir.

Loscht am Comité Alstad matzeschaffen ?

Am Joer 1937 gouf de Comité Alstad an d’Liewe geruff. De Comité Alstad hat awer ni eng fest Bleif. Eng Réunioun gouf deemols vum Georges Schmitt aberuff. Hien huet jidderengem ugeruff, a si hunn sech den Dag drop am Café “Ënnert de Steiler” getraff fir hir Réunioun.

Wéi mir dunn de Comité Alstad 1981 iwwerholl hunn, hu mir et och esou gemach.

Zwee Joer méi spéit, op der N° 1 um Boulevard Royal, de 16. Dezember 1983 konnt den éischte Sëtz vum Comité Alstad ageweiht ginn an do wore mer bis 1993, wéi d’Stad Lëtzebuerg d’Haus verkaaf huet, an de Comité Alstad hat ërem op en neits keen Heem.

Mat der Hëllef vum deemolege Kulturminister Robert Krieps si mer 1994 op N°1 an d’Logegaass geplënnert an d’Konschthaus „Beim Engel“ wou mir bis 2018 ënner Daach woren. Wéi d’Stad Lëtzebuerg dat fréiert Paschtoueschhaus vu Sankt Méchel restauréiert hat, si mir dou zesumme mat den Amis des Musées, dem Cercle Artistique de Luxembourg, der Chorale St. Michel an der Confrérie St-Michel dou 2018 agezunn.

Mir sichen dauernd no neien aktiven Memberen, déi Freed hun un der Alstad, hierer Geschicht an hieren Traditiounen. Mir géifen ons vill freeën, wa mir Leit mat neien Iddeeen, déi och gewëllt sin aktiv matzeschaffen.

Mir wäre frou iech an onser Mött Wëllkomm ze heeschen. Sidd dir intresséiert, da kontaktéiert w. e. g. onst Sekretariat :

Comité Alstad,
14, Siegfridstrooss, L-2536 Lëtzebuerg,
Tel. : 466188,
Email : comite.alstad@pt.lu,
Web : www.comitealstad.lu.

Niewt onsen periodeschen Aktivitéiten, treffe mir ons normaler Weis all 2. Mëttwoch am Mount ëm halwer 7 an onsem neie Sëtz, 14 rue Sigefroi an der Stad (fréiert Paschtoueschhaus vu Sankt Méchel, vis-à-vis vum Staatsroot-Gebäi um Fëschmaart).

Journées européennes du patrimoine 2021

BIENVENUE aux „Journées européennes du patrimoine 2021“ du Comité d’Alstad

samedi, le 25 septembre 2021 de 10h00 à 15h00

Programme:

§ – 10h00 – Visite guidée gratuite de l’église Saint-Michel par M André Haagen, membre du Comité Alstad (en luxembourgeois)

§ – 11h00 – Présentation du mécanisme d’horlogerie restauré par Mr Georges Jungblut, horloger et restaurateur du mécanisme d’horlogerie

§ – 14h30 – Visite guidée gratuite de l’église Saint-Michel avec M. André Haagen, membre du Comité Alstad (en français).

§ Tout au long de la journée à l’église St Michel : Présentation du film « Anno Domini 987 – Eglise Saint Michel au Marché aux Poissons » et du film sur la restauration du mécanisme d’horlogerie de la Tour de Saint Michel.

Places limitées en fonction des mesures sanitaires en vigueur le jour des visites et manifestations. Les conditions de participation exigent le respect des mesures sanitaires mises en place par le Gouvernement.

Informations et inscriptions par e-mail : comite.alstad@pt.lu.

WILLKOMMEN bei den „Journées européennes du patrimoine 2021“ des Comité Alstad

Samstag, 25. September 2021 von 10:00 bis 15:00 Uhr.

Programm:

– 10.00 Uhr – Kostenlose Führung durch die Kirche Saint-Michel durch Herrn André Haagen, Mitglied des Comité Alstad (auf Luxemburgisch)

– 11.00 Uhr – Präsentation des restaurierten Uhrwerkes aus dem Turm der St Michaelskirche durch Herrn Georges Jungblut, Uhrmacher und Restaurator des Uhrwerks

– 14.30 Uhr – Kostenlose Führung durch die Kirche Saint-Michel mit Herrn André Haagen, Mitglied des Comité Alstad (auf Französisch).

Ganztägig in der St Michaelskirche : Vorführung des Films „Anno Domini 987 – Die Michaelskirche am Fischmarkt“ und des Films über die Restaurierung des Uhrwerks des Michaelturms.

Die Teilnehmerzahl für die Besuche und Veranstaltungen ist, den geltenden Covid- Hygienemaßnahmen zufolge, begrenzt.

Informationen und Anmeldung per E-Mail : comite.alstad@pt.lu.

WËLLKOMM op de „Journées européennes du patrimoine 2021″

beim Comité Alstad – Samschdes, 25. September 2021 Vun 10:00 bis 15:00 Auer

Programm :

§ 10:00 Auer – Féierung duerch d’Méchelskierch mam Här André Haagen, Member vum Comité Alstad (op Lëtzebuergesch)

§ 11:00 Auer – Présentatioun vum restauréierten Auerwierk vum Här Georges Jungblut, Aueremeeschter a Restaurator vum Auerwierk

§ 14:30 Auer – Féierung duerch d’Méchelskierch mam Här André Haagen, Member vum Comité Alstad (op Franséisch).

§ De ganzen Dag iwwer : Présentatioun vum Film “Anno Domini 987 – Méchelskierch um Fëschmaart” a vun der Restauratioun vum Auerwierk aus dem Tuerm vun der Méchelskierch.

§ Covid bedengt muss en sech fir Visiten vun der Méchelskierch an de Mol-Concours beim Comité Alstad aschreiwen (E-mail: comite.alstad@pt.lu).

Photo : Charles Soubry, Phototèque de la Ville de Luxembourg

Seite 1 von 5

Präsentiert von WordPress & Theme erstellt von Anders Norén