Monat: November 2023

Flott Cadeaus-Iddien vum Comité Alstad

Hei stelle mir 4 rezent Publiatioune vum Comité Alstad viir :

1 “ Éimaischen & Aulebäcker … Luxemburger immaterielles Kulturerbe“ ass den Titel vun der neister Publikatioun vum Comité Alstad.

D’UNESCO bezeechent dat immateriellt Kulturierwen och gären alsc„liewegt Kulturierwen“. Eng vun de beléiftsten Traditioune bei de Lëtzebuerger ass d’Éimaischen, en alen Aulebäckermaart, dee Joer fir Joer op Ouschterméindeg um Fëschmaart, am Häerz vun der Alstad, ofgehale gëtt.


D’Buch, verfaasst vum Guy Jourdain, President vum Comité Alstad asbl, räich illustréiert, beschäftegt sech mat den Themen „Etymologie und Ursprung der Éimaischen – Die St. Theobaldus-Bruderschaft und die „Éimaischen“ – Das Töpferhandwerk – Nospelter Töpferei – ein früheres Dorfhandwerk – Stadtluxemburger Krüger und Töpfer – die „Péckvillercher“und die „Stater Éimaischen“ – zwei einheimische Töpfer des 20. Jahrhunderts, Jean Peters und Léon Nosbusch sowie der Kunsthistoriker Georges Schmitt und das „Comité Alstad“.

2 „LUXEMBOURG sketch by sketch“ ass eng Sammlung vu Skizzen, déi tëscht 2016 an 2023 vum belsch-lëtzebuergeschen Architekt Arnaud De Meyer (1972) an der Alstad a senge Banlieue op der Plaz (in situ) gemaach goufen. D’Skizzen op dëse Säiten gesammelt illustréieren verschidde Plazen an der Alstad an historesche Banlieue, déi den Auteur markéiert hunn.

D’A5 Format vum Skizzebuch entsprécht der Gréisst vun den originalen Skizzebicher, déi vum Auteur benotzt gin. D’Skizzen ginn also an hirer originaler Gréisst presentéiert an dat klengt handlecht Format vum Buch mat haardem Deckel, maachen doraus och e praktesche Guide fir d’Stad ze besichen. D’Plaze wou d’Skizzen gemaach goufen sinn op enger Kaart markéiert, déi erlaaben vun enger skizzéierter Plaz op déi aner gefouert ze gin.

3 D’Molbuch „Lëtzebuerg Alstad“, 2021 beim Comité Alstad editéiert, an enker Zesummenaarbecht mat de „Frënn vum Mansfeld-Schlass“ erauskomm,gouf vum lëtzebuerger Szenograph, Kalligraph, Designer a Moler Gilles Becker, hien huet de Scan vum Panorama vu 1753 vum Wenzel von Callot vectoriséiert an deelweis nei gezeechent. Hien huet och zéng Usiichten aus dem dräidimensionale Modell vum Schlass vum Peter Ernst von Mansfeld ausgewielt a préparéiert, fir se faarweg ze molen.

4 „D’Séche vun der Ko‘ a vun der Méck“, „Aus dem Liewe vum Zënt Märten“ an „d’Séche vum Zinniklos“ sinn dréi Séërcher vum Georges Schmitt (1907-1986) aus der lëtzebuergescher Literatur. De Comité Alstad huet déi 3 Legenden an engem Sammelband fir Chrëschtdaag 2021 erausbruecht.

Interessant ass, datt déi 3 Geschichtercher souwuel an der aler Schreifweis aus der Zäit vum Georges Schmitt an an enger Géintiwwerstellung mat der haiteger Schreifweis vun der lëtzebuergescher Sprooch kenne verglach ginn. De Georges Schmitt war Konschthistoriker an Conservateur am nationale Geschichtsmusée an Matbegrënner vum Comité Alstad. D’Iwwerschreiwung an déi haiteg lëtzebuerger Schreifweis vum Robert Baddé goufen un Hand vun den Urtexter vun 1944 an 1945 vum Georges Schmitt gemaach. Fir de Layout war de Sergio Di Paoli zoustänneg.

D’Bicher kann ee bestellen beim Conité Alstad asbl – um Telefon 46 61 88 oder per E-Mail comite.alstad@pt.lu 0der einfach duerch Iwwerweisung op de Spuerkeesskont BCEE IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 :

1 “ Éimaischen & Aulebäcker … Luxemburger immaterielles Kulturerbe“ – Präis 20.- € , Porto abegraff

2 „LUXEMBOURG sketch by sketch“ – Präis 30.- € , Porto abegraff

3 Molbuch „Lëtzebuerg Alstad“ – Präis 20.- € , Porto abegraff

4 „D’Séche vun der Ko‘ a vun der Méck“, „Aus dem Liewe vum Zënt Märten“ an „d’Séche vum Zinniklos“ – Präis 20.- € , Porto abegraff

« Christmas Carols » Chrëschtconcert mat den Amis du Chant den 17.12. 2023 um 16:00 Auer an der Méchelskierch

Déi éischt Aktivitéite vum Vokalensembel „Les Amis du Chant Luxembourg“ gin an d’fréi 1970er Joren zréck, wou sech e puer Frënn regelméisseg getraff hunn, fir sech mat enger gemeinsamer Leidenschaft, dem Chouergesang, ze widmen.

Wann d’Aktivitéite vum Ensembel fir d’éischt op de musikaleschen Encadrement vun Hochzäitsmessen a geleeëntleche Concerte limitéiert waren, hunn d’Verpflichtungen sech iwwer d’Jore multiplizéiert an diversifizéier bis en 1978 offiziell gegrënnt gouf an den 8. November 1980 den éischte Concert als „Les Amis du Chant Luxembourg“ presentéiert huet.

Zënter 1978 huet de Vokalensembel „Les Amis du Chant Luxembourgsng „, deem  seng Zuel vu Sängerinnen a Sänger am Laaf vun de Joeren  vun 13 op 28 eropgaang ass,

Den Ensembel huet sech virun allem zu Lëtzebuerg mat sengen traditionellen Chrëschtconcert’en « Christmas Carols » – Chrëschtlidder, déi vun 1992 un all Joer am Conservatoire stattfonnt hun, esou wéi a verschiddenen Uertschaften am Land, e grousse Numm  geschaaf.

Gegrënnt 1996, bréngt d’Formatioun „Luxembourg Brass Ensemble“ zéng renomméiert Museker zesummen, déi passionéiert sinn fir Blechbléisermusek. Den Ensembel huet aussergewéinlech dynamesch Mëttelen, déi all Publium verféieren. Eng Formatioun mat engem breeden a genialen Toun, huet  de „Luxembourg Brass Ensemble“ eng wichteg Plaaz souwuel an der klassescher Musek wéi an de Wierker vun der zäitgenëssescher Musek fonnt. De Patrimoine vum Ensemblee ass sou grouss wéi variéiert ass. Jee no Bedierfnesser gesellen sech zum Ensembel och nach zwee Percussionisten…

Den Organist Laurent Felten, gebuer 1976, huet seng musikalesch Studien am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg ugefaangen, wou hien e puer éisch Präisser gewonnen huet ( Uergel, Cembalo, Harmonie, Kontrapunkt, Fugue…). 1996 krut hien an der Klass vum Alain Wirth de Prix Supérieur p der Uergel mat Auszeechnung. Säi Museksstudium huet hie weider am Conservatoire Royal vu Bréissel, an der Uergelklass vum Jean Ferrard a Xavier Deprez, wou hien den Éischte Präis an der Uergel.

Hie kruut 2001 den Norbert Stelmes-Präis vun de JML zu Lëtzebuerg an huet 2002 säi Studium um Bréisseler Conservatoire mat engem Prix Supérieur op der Uergel mat grousser Distinctioun ofgeschloss. Vum Alter vu  14 Joer un wor de Laurent Felten schon Organist vun der Porkierch um Cents. Tëschent 2000 an 2015 war hien Organist an der St. Martinskierch zu Diddeleng an zënter 2011 Titulaire an der Porkierch zu Jonglënster.

Um Programm vum Chrëschtconcert an der Méchelskiech, gesonge vun den Amis du Chant ënner der Leedung vum François Theis, a mat der Begleedung vum Luxembourg Brass Ensemble an dem Laurent Felten op der Uergel, stin Chrëschtlidder vu gëscht an haut an aus allen Häre Länner.

Fir secher ze sinn eng gudd Plaz ze kréien kann elo schons réservéieren beim Comité Alstad um Telefon 46 61 88 oder E-Mail comite.alstad@pt.lu.

Entrée : 30,00 € – Kanner si fräi !

Präsentiert von WordPress & Theme erstellt von Anders Norén