Kategorie: Uncategorized Seite 1 von 4

Comité Alstad 2024

Léif Frënn an Ënnerstëtzer vum Comité Alstad asbl,

Villmools Merci fir Är generéis Ënnerstëtzung an de leschte Joeren ! Mir wäre frou wann Dir och neess 2024 ons Projet‘en an ons verschidden Aktivitéiten ënnerstëtze géift.

Gitt Éieremember vum Comité Alstad fir 25€  … oder méi mat Äerer Iwwerweisung
op onse Kont BCEE LU64 0019 1755 0897 0000 oder fir vun enger Steiererliichterung ze profitéieren, iwwer de Kont BCEE LU24 0019 4655 0203 7000 vum Fonds Nationale des Cultures mat der Mentioun „Comité Alstad – Accord 2023/068“.

Fir all Mindestbetrag vun 50,00 € kritt den Donateur e Certificat vum FOCUNA, deen bei der nächster Steiererklärung ka berücksichtegt gin.

Kuckt och ons Aktivitéiten op www.comitealstad.lu an op facebook: Comité Alstad asbl

Cher(e)s ami(e)s et sympathisants du Comité Alstad asbl,

Un grand merci pour vos dons généreux des années passées ! Nous nous permettons de vous solliciter à nouveau pour soutenir nos projets 2024 et nos multiples activités

Devenez membre d’honneur du Comité Alstad asbl avec 25€ … ou plus par virement sur notre compte BCEE LU64 0019 1755 0897 0000 ou pour bénéficier d’un abattement fiscal, par le compte BCEE LU24 0019 4655 0203 7000 du Fonds culturel national avec la mention «Comité Alstad – agrément 2023/068» .

Pour chaque cotisation d’un montant minimal de 50,00 €, le donateur reçoit un certificat du FOCUNA, certificat dont il pourra tenir compte lors de la prochaine déclaration d’impôt.

Suivez-nous sur www.comitealstad.lu et sur facebook : Comité Alstad asbl

Liebe Freunde und Unterstützer Comité Alstad asbl,

Vielen Dank für Ihre großzügigen Spenden in den vergangenen Jahren ! Wir möchten Sie erneut bitten, unsere Projekte und unsere vielfältigen Aktivitäten 2024 zu unterstützen.

Werden Sie Ehrenmitglied des Comité Alstad asbl mit 25€ … oder mehr durch Überweisung auf unser Konto BCEE LU64 0019 1755 0897 0000 oder um von einer Steuerermäßigung zu profitieren, über das BCEE-Konto LU24 0019 4655 0203 7000 des Nationalen Kulturfonds – FOCUNA mit dem Vermerk „Comité Alstad – Accord 2023/068“.

Für jede Spende ab einem Mindestbetrag von 50,00 € erhält der Spender vom FOCUNA eine Bescheinigung, die er bei der nächsten Steuererklärung abrechnen kann.

Folgen Sie uns auf www.comitealstad.lu und auf Facebook: Comité Alstad asbl

Flott Cadeaus-Iddien vum Comité Alstad

Hei stelle mir 4 rezent Publiatioune vum Comité Alstad viir :

1 “ Éimaischen & Aulebäcker … Luxemburger immaterielles Kulturerbe“ ass den Titel vun der neister Publikatioun vum Comité Alstad.

D’UNESCO bezeechent dat immateriellt Kulturierwen och gären alsc„liewegt Kulturierwen“. Eng vun de beléiftsten Traditioune bei de Lëtzebuerger ass d’Éimaischen, en alen Aulebäckermaart, dee Joer fir Joer op Ouschterméindeg um Fëschmaart, am Häerz vun der Alstad, ofgehale gëtt.


D’Buch, verfaasst vum Guy Jourdain, President vum Comité Alstad asbl, räich illustréiert, beschäftegt sech mat den Themen „Etymologie und Ursprung der Éimaischen – Die St. Theobaldus-Bruderschaft und die „Éimaischen“ – Das Töpferhandwerk – Nospelter Töpferei – ein früheres Dorfhandwerk – Stadtluxemburger Krüger und Töpfer – die „Péckvillercher“und die „Stater Éimaischen“ – zwei einheimische Töpfer des 20. Jahrhunderts, Jean Peters und Léon Nosbusch sowie der Kunsthistoriker Georges Schmitt und das „Comité Alstad“.

2 „LUXEMBOURG sketch by sketch“ ass eng Sammlung vu Skizzen, déi tëscht 2016 an 2023 vum belsch-lëtzebuergeschen Architekt Arnaud De Meyer (1972) an der Alstad a senge Banlieue op der Plaz (in situ) gemaach goufen. D’Skizzen op dëse Säiten gesammelt illustréieren verschidde Plazen an der Alstad an historesche Banlieue, déi den Auteur markéiert hunn.

D’A5 Format vum Skizzebuch entsprécht der Gréisst vun den originalen Skizzebicher, déi vum Auteur benotzt gin. D’Skizzen ginn also an hirer originaler Gréisst presentéiert an dat klengt handlecht Format vum Buch mat haardem Deckel, maachen doraus och e praktesche Guide fir d’Stad ze besichen. D’Plaze wou d’Skizzen gemaach goufen sinn op enger Kaart markéiert, déi erlaaben vun enger skizzéierter Plaz op déi aner gefouert ze gin.

3 D’Molbuch „Lëtzebuerg Alstad“, 2021 beim Comité Alstad editéiert, an enker Zesummenaarbecht mat de „Frënn vum Mansfeld-Schlass“ erauskomm,gouf vum lëtzebuerger Szenograph, Kalligraph, Designer a Moler Gilles Becker, hien huet de Scan vum Panorama vu 1753 vum Wenzel von Callot vectoriséiert an deelweis nei gezeechent. Hien huet och zéng Usiichten aus dem dräidimensionale Modell vum Schlass vum Peter Ernst von Mansfeld ausgewielt a préparéiert, fir se faarweg ze molen.

4 „D’Séche vun der Ko‘ a vun der Méck“, „Aus dem Liewe vum Zënt Märten“ an „d’Séche vum Zinniklos“ sinn dréi Séërcher vum Georges Schmitt (1907-1986) aus der lëtzebuergescher Literatur. De Comité Alstad huet déi 3 Legenden an engem Sammelband fir Chrëschtdaag 2021 erausbruecht.

Interessant ass, datt déi 3 Geschichtercher souwuel an der aler Schreifweis aus der Zäit vum Georges Schmitt an an enger Géintiwwerstellung mat der haiteger Schreifweis vun der lëtzebuergescher Sprooch kenne verglach ginn. De Georges Schmitt war Konschthistoriker an Conservateur am nationale Geschichtsmusée an Matbegrënner vum Comité Alstad. D’Iwwerschreiwung an déi haiteg lëtzebuerger Schreifweis vum Robert Baddé goufen un Hand vun den Urtexter vun 1944 an 1945 vum Georges Schmitt gemaach. Fir de Layout war de Sergio Di Paoli zoustänneg.

D’Bicher kann ee bestellen beim Conité Alstad asbl – um Telefon 46 61 88 oder per E-Mail comite.alstad@pt.lu 0der einfach duerch Iwwerweisung op de Spuerkeesskont BCEE IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 :

1 “ Éimaischen & Aulebäcker … Luxemburger immaterielles Kulturerbe“ – Präis 20.- € , Porto abegraff

2 „LUXEMBOURG sketch by sketch“ – Präis 30.- € , Porto abegraff

3 Molbuch „Lëtzebuerg Alstad“ – Präis 20.- € , Porto abegraff

4 „D’Séche vun der Ko‘ a vun der Méck“, „Aus dem Liewe vum Zënt Märten“ an „d’Séche vum Zinniklos“ – Präis 20.- € , Porto abegraff

Seite 1 von 4

Präsentiert von WordPress & Theme erstellt von Anders Norén