D’Éimaischen, ee vun den typeschen Eventer, aus der Lëtzebuerger Traditioun, en „Aulebäcker“-Maart, deen op d’mannst zënter 1827 existéiert a wou d’“Peckvillercher“, déi kleng ierden Päifen a Form vu Villercher, ënner anerem ugebuede gin.
Niewt 48 Stänn mat „Peckvillercher“ an anerem ierdene Geschiir a Jontwierker, gëtt et nawell och 28 Stänn mat allerlee Konschthandwierk a 7 Iess- an Erfrëschungstänn, invitéiert de Comité Alstad, zesumme mat dem „Service Espace Public, Fêtes et Marchés“ vun der Stad Lëtzebuerg op e flotten Animatiouns-Programm vun 10.00 bis 15.30 Auer
op der Plaaz virum Musée :
- 10h00 – 11h00 : Folklore-Dänz mat der „Uucht – la veillée“ an “ La Ronde“
- 11h15 – 12h15 : lëtzebuerger Vollekslidder mat der „Lidderuucht“
- 13h00 – 14h00 : dem Bléiser-Ensemble „Alles Blech“
- 14h30 – 15h30 : der „Grënnesch Strëpp“.
Vun 10 Auer un ass och neess fir d’Kanner um Stand niewent dem Comité Alstad um ”Rouscht” (Eck Fleschier- a Waassergaass) hannert dem Palais, dat beléift Spill ”Eerschëllen” ugesoot an den Daag iwwer ”Facepainting” mam Valentina Becker a senger Kollegin ugeoot an nomëttes ëm 15.00 Auer bannen am Musée spillt de „Poppentheater Hoplabum“, dat neit Stéck „Kolleegen“, fir Grouss a Kleng –den Entrée ass fräi !
E’maischen mam Comité Alstad Ouschterméindeg 10. Abrëll 2023
E’maischen 2023 an der Stad …
De Comité Alstad asbl freet sech drop fir all Frënn vun der Alstad op der stater E’maischen erëm ze gesin an huet versicht, zesummen mat de Responsabelen vum „Service Espace Public, Fêtes et Marchés“ vun der Stad Lëtzebuerg, der E’imaischen hieren traditionnelle „Look“ nees ze gin.
Wéi gewinnt, fand dir de Comité Alstad neess mat sengem Chalet op der gewinnter Plaaz, „um Rouscht“ hannert dem Palais. Vun 10 Auer un ass och neess fir d’Kanner dat beléift Spill ”Eerschëllen” ugesoot an den Daag iwwer ”Face-painting” mam Valentina Becker a senger Kollegin, um Stand niewent dem Comité Alstad um Rouscht an nomëttes spillt de Poppentheater Hoplabum ëm 15.00 Auer am Musée um Fëschmaart dat neit Stéck „Kollegen“ – den Entrée ass fräi !

De Comite Alstad bidd och op der 194. E’maischen wéi gewinnt seng Péckvillercher fir all Frënn a Sammler un. Een neie Peckvillchen, de „Péckvillchen’CA23“ an den traditionnelle Faarwen orange a blo vum Comité Alstad, entworf an och produzéiert am Keramikatelier vun der Ligue HMC op der Cap, deen 30 € kascht, an als „Kréinung“ den handgemaachte „Péckvillchen Sandra23“, entworf vun der Madame Sandra Pereira, a limitéierter Editioun an och an hirem Atelier produzéiert,deen 35 € kascht. De Comité Alstad ass och ganz besonnesch frou, well d’Gewënnerin vum Péckvillerchers-Concours 2020, d’Madame Sandra Pereira vun Useldeng, sech bereet erklärt huet fir och selwer op der E’imaischen niewent dem Stand vum Comité Alstad hier Konscht viirzeféieren.
De Péckvillchen’CA23 an de Péckvillchen’Sandra23 kënne bestallt ginn duerch Iwwerweise vun der entspriechender Zomm op onse Kont bei der Spuerkeess:
IBAN LU64 0019 1755 0897 0000
mam Vermierk Péckvillchen’CA23 oder Péckvillchen’Sandra23

Ofhuele kann ee säi bestallten a bezuelte Péckvillchen’CA23 oder de Péckvillchen’Sandra23, Ouschterméindeg, den 10. Abrëll 2023 op der Éimaischen um Fëschmaart um Stand vum Comité Alstad, um Rouscht hannert dem Palais, mueres vun 08:00 bis 17:00 nomëttes.
Wien net op d’Éimaische ka kommen, huet d’Méiglechkeet, seng Bestellung ofzehuele bei ons am Büro op N° 14 an der Siegfridstrooss (dat fréiert Paschtoueschhaus vu St. Méchel, vis à-vis vum Staatsrot) um Fëschmaart, vum 11. bis den 14. Abrëll 2022 vu mueres 09:00 Auer – 12:00 Auer.
Matgedeelt vum Comité Alstad asbl
„E’imaischen“ avec le Comité Alstad au Marché aux Poissons , le lundi de Pâques 10 avril 2023
Le comité Alstad asbl se réjouit de revoir tous les amis de la Vieille Ville à la traditionnelle E’maischen et présente, en étroite collaboration avec les responsables du „Service Espace Public, Fêtes et Marchés“ de la ville de Luxembourg, le „look“ de l’E’maischen d’antan.
Comme d’habitude, vous retrouverez le comité d’Alstad avec son chalet à l’endroit habituel, au „Rouscht“, derrière le palais grand-ducal. À partir de 10 heures, le jeu populaire „Eerschëllen“ – une ancienne coutume pascale – s’adresse aux enfants de même que les séances de „Face-painting“ avec Valentina Becker et sa collègue, sur le stand à côté du Comité Alstad l’après-midi , à 15.00 heures le théâtre de marionnettes Hoplabum présentera sa nouvelle pièce « Kollegen » à 15 heures au Musée au marché aux poissons – l’entrée est gratuite !

Le Comite Alstad propose également à la 194e E’maischen, comme d’habitude, pour les nombreux amis et collectionneurs un nouveau « Péckvillchen », développé et produit par la Ligue HMC au Cap le « Péckvillchen’CA23 » dans les couleurs traditionnelles orange et bleu du Comité Alstad, vendu à 30 € et le « Péckvillchen Sandra23 », conçu par Mme Sandra Pereira et fait main, en édition limitée au prix de 35 €., Le Comité Alstad est également très heureux d’accueillir Mme Sandra Pereira d’Useldange, qui s’est déclarée prête à présenter son art à l’E’maischen au stand voisin du Comité Alstad.
Le « Péckvillchen’CA23 » et le « Péckvillchen’Sandra23 » peuvent être commandés d’avance en virant le montant approprié sur le compte Comité Alstad asbl auprès de la Caisse d’Epargne de l’Etat – BCEE : IBAN LU64 0019 1755 0897 0000
avec la mention « Péckvillchen’CA23 » ou « Péckvillchen’Sandra23 ».

Le « Péckvillchen’CA23 » et/ou le « Péckvillchen’Sandra23 » pré-commandés et payés, peuvent être enlevés le lundi de Pâques 10 avril 2023 au stand du Comité Alstad, derrière le palais, de 08h00 à 17h00.
Ceux qui ne peuvent pas venir à Éimaischen le lundi de Pâques ont la possibilité de retirer leur commande à notre bureau au n°14 de la Sigefroi ( ancien presbytère de St. Michel, face au Conseil d’Etat) du 12 au 14 avril 2022 le matin de 09:00 à 12:00 heures.
Les recettes de la vente des « Péckvillchen’CA23 » et « Péckvillchen’Sandra23 » sont destinées à la Crèche d’Altmünster.
Communiqué par le Comité Alstad