Bas-relief – Eng Krëppchen

Fir Feierdeeg vum Joeresenn hu mer fir iech e wonnerschéinen Bas-relief eng „Krëpppchen“ Maria de Jousef an Jesuskand.

Dëse schéinen Bas-relief gouf entworf vun engem Member vum Comité Alstad, dem Denise Puraye-Blau an hiergestallt an dem Keramikatelier vun der Ligue HMC op der Cap hiergestallt.

De Bas-relief „Krëepchen“ kascht 50,00 €.

Bestellen kann een de Bas-relief beim Comité Alstad duerch iwwerweisen vun der enstspriechender Zomm  op de Kont bei der Spuerkees IBAN LU64 0019 1755 0897 mam Vermierk „Krëppchen“

WICHTEG: Ofhuelen kann een seng Bestellung vum 15.12. – 19.12.2025 am Büro vum Comité Alstad an der Siegfridstrooss op N° 14 vun 09:00 Auer – 12:00 Auer.

Erënnerung un den Trounwiessel

Eng bleiwend Erënnerung un d’Vereedegung vum Groussherzog Guillaume ass dëse Platto entworf vum Kënschtler Jacques Schneider, deen de Comité Alstad erausbruecht huet, ass nach ze kréien.

Bestelle kann een de Platto beim Comité Alstad duerch Iwwerweise vu 85 € op de Kont vum Comité Alstad bei der Spuerkees IBAN LU64 0019 1755 0897 000 (mam Vermierk: Erënnerungsplatto).

WICHTEG: Ofhuelen kann een seng Bestellung vum 15.12. – 19.12.2025 am Büro vum Comité Alstad an der Siegfridstrooss op N° 14 vun 09:00 Auer – 12:00 Auer.