Kategorie: Uncategorized Seite 4 von 6

LUXEMBOURG sketch by sketch

vum Arnaud De Meyer

Nei Publikatioun vum Comité Alstad

‘LUXEMBOURG sketch by sketch’ ass eng Sammlung vu Skizzen, déi tëscht 2016 an 2023 vum belsch-lëtzebuergeschen Architekt Arnaud De Meyer (1972) an der Alstad an de Faubourgen op der Plaz (in situ) gemaach goufen.

„Dëst Buch ass entstanen aus dem Wonsch d’Stad Lëtzebuerg besser bekannt ze maachen. D’Skizzen op dëse Säiten gesammelt illustréieren verschidde Plazen an der Alstad an historesche Banlieue, déi mech markéiert hunn.

Ech hoffen, datt dës Zeechnungen Iech encouragéieren ze entdecken an Iech erlaben eis Stad en anere Bléck ze huelen. Ech freeën mech Iech hei oder do ze begéinen. »

Vun Skizz zu Skizz, Schrëtt fir Schrëtt, ‘LUXEMBOURG sketch by sketch’, hëlt den Arnaud De Meyer de Lieser mat op eng Entdeckung vun der Alstad a senge Faubourg‘en. Mat dem Filzstëft gezeechent, just schwaarz op wäiss, oder heiansdo aquarell agefiirwt, stellen d’Skizzen d’Plazen an d’Gebaier an hirem charakteristesche Stil vir, déi aus BD-Dekoren staamen kënnten.

D’A5 Format vum Skizzebuch entsprécht der Gréisst vun den originalen Skizzebicher, déi vum Auteur benotzt gin. D’Skizzen ginn also an hirer originaler Gréisst presentéiert.

Dat klengt dhandlecht Format vum Buch a säin haarden Deckel maachen och e prakteschen Guide doraus, fir d’Stad ze besichen. D’Plaze wou d’Skizzen gemaach goufen sinn op enger Kaart markéiert, déi erlaaben vun enger skizzéierter Plaz op déi aner gefouert ze gin.

D’Buch „Lëtzebuerger Skizz fir Skizz“ mat 122 illustréierte Säiten, gëtt am Kader vun engem Skizzéier-Atelier presentéiert wou Intresséierter . agewisen gin an dës lieweg kulturierwlech Praxis, am Kader vun den Journées Européennes du Patrimoine 2023.

Dësen Atelier fënnt den 23. September 2023 statt a Form vun enger „Zeechewanderung“ – „Sketchwalk“ vum Sëtz vum Comité Alstad d’Sigefridstrooss erop, an d’Logegaass, de Breedewee erof an zréck iwwert d’Corniche. De „Sketchwalk“ gëtt vum Professor Robert Philippart kommentéiert a vum Arnaud De Meyer fir d’Sketchsessionen ennerwee geleet.

D’Buch „LËTZEBUERG sketch by sketch“, dat finanziell ënnertsëtzt gëtt vun der Stad Lëtzebuerg, dem Kulturministèr, dem Focuna an der Banque de Luxembourg, gëtt et ab Méindeg 25. September 2023 fir 25,- Euro an de Librairien ze kafen oder kann am viraus bestallt gin beim Comité Alstad asbl duerch Iwwerweisung op de Kont BCEE n° IBAN LU64 0019 1755 0897 0000, zum Präis vun 30,- € (Versandkäschten abegraff), mat dem Vermierk „sketchbook“.

‘LUXEMBOURG sketch by sketch’

d’Arnaud De Meyer

‘LUXEMBOURG sketch by sketch’ est un recueil de croquis réalisés sur le vif (in situ) dans la Vieille Ville de Luxembourg et ses faubourgs entre 2016 et 2023 par l’architecte belgo-luxembourgeois Arnaud De Meyer (1972).

« Ce livre est né de l’envie de faire mieux connaître la ville de Luxembourg. Les croquis rassemblés dans ces pages illustrent différents lieux de la Vieille Ville et des faubourgs historiques qui m’ont marqué.

Je souhaite que ces dessins vous poussent à la découverte et vous permettent de porter un regard différent sur notre ville. Je me réjouis de vous croiser ici ou là. »

De croquis en croquis, pas à pas, « sketch by sketch », Arnaud De Meyer emmène le lecteur à la découverte de la Vieille Ville de Luxembourg et de ses faubourgs. Dessinés directement au feutre , juste noir sur blanc, ou parfois aquarellés, les croquis présentent les lieux et bâtiments dans son style caractéristique qui pourrait tenir de décors de bandes dessinées.

Le format de l’ouvrage A5 paysage correspond à la taille des carnets originaux utilisés par l’auteur. Les croquis sont ainsi présentés à leur taille réelle.

Le petit format de l’ouvrage et sa couverture cartonnée en font également un guide pratique et résistant à emporter pour visiter la ville. Les lieux où les croquis ont été réalisés sont repérés sur un plan qui permet de se laisser guider en passant d’un lieu dessiné à l’autre.

Le livre ‘LUXEMBOURG sketch by sketch’ de 122 pages illustrées, dont le thème se concentre sur la vieille-ville et le Grund est réalisé à l’instar des carnets de croquis habituels et sera présenté dans le cadre d’un atelier de croquis urbain permettant de s’initier à cette pratique patrimoniale vivante, dans le cadre des Journées européennes du patrimoine.

Cet atelier aura lieu le 23 septembre 2023 sous forme d’une « balade à dessiner » – « sketchwalk » depuis le siège du Comité Alstad via la rue Sigefroi, la rue de la Loge, la rue Large et la Corniche. Le « sketchwalk » sera commenté par le Professeur Robert Philippart et animé par Arnaud De Meyer pour les séances de croquis « en route ».

Le livre « LUXEMBOURG sketch by sketch », réalisé avec le soutien financier de la Ville de Luxembourg, du Ministère de la culture, du Focuna et de la Banque de Luxembourg, sera en vente au prix de 25.- Euro en librairie à partir du lundi 25 septembre 2023 ou peut être commandé à l’avance auprès du Comité Alstad asbl par virement au compte BCEE n° IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 au prix de 30.- € ( frais d’envoi compris ), avec la mention „sketchbook“.

  

‘LUXEMBOURG sketch by sketch’

von Arnaud De Meyer

  ‘LUXEMBOURG sketch by sketch’ ist eine Sammlung von Skizzen, die der belgisch-luxemburgische Architekt Arnaud De Meyer (1972) zwischen 2016 und 2023 vor Ort (in situ) in der Luxemburger Altstadt und ihren Vororten angefertigt hat.

 Dieses Buch entstand aus dem Wunsch heraus, die Stadt Luxemburg bekannter zu machen. Die auf diesen Seiten gesammelten Skizzen veranschaulichen verschiedene Orte in der Altstadt und den historischen Vororten, die den Künstler geprägt haben. Er hofft, dass diese Zeichnungen zum Entdecken anregen und ermöglichen, unsere Stadt aus einer anderen Perspektive zu betrachten.

 Von Skizze zu Skizze, Schritt für Schritt, besser gesagt „sketch by sketch“ nimmt Arnaud De Meyer den Betrachter mit auf eine Entdeckungsreise durch die Luxemburger Altstadt und ihre Unterstädte. Mit Filzstift schwarz auf weiß gezeichnet, manchmal auch in Aquarell, präsentieren die Skizzen Orte und Gebäude in ihrem charakteristischen Stil, der Comic-Sets entnommen sein könnten.

 Das Format des A5-Querbuchs entspricht der Größe der vom Autor verwendeten Original-Skizzenbücher. Die Skizzen werden somit in ihrer originalen Größe dargestellt.

 Das kleine Format des Buches und sein schwarzes Hardcover in Neuleinen machen es außerdem zu einem praktischen und robusten Reiseführer, den man bei einer Stadtbesichtigung mitnehmen kann. Die Orte, an denen die Skizzen angefertigt wurden, sind auf einer Karte markiert, so dass der Betrachter von einem Ort zum anderen geführt wird. Viele der skizzierten Objekte sind Teil des nationalen Kulturerbes und die Praxis des Skizzierens stellt an sich schon eine Geste des immateriellen Kulturerbes dar.

Das Buch „LUXEMBURG Skizze für Skizze“ mit 122 Bildseiten, dessen Themenschwerpunkt auf der Altstadt und dem Grundviertel liegt, wird wie die üblichen Skizzenbücher im A5-Format, im „Hardcover“ produziert und im Rahmen eines Workshops für „urban sketching“ zum Kennenlernen dieser Praxis des lebendigen Kulturerbes im Rahmen der „Journées Européennes du Patrimoine 2023“.

 Dieser Workshop findet statt am 23. September 2023 in Form eines „Zeichenspaziergangs“ – „sketchwalk“ vom Sitz des Comité Alstad über die Rue Sigefroi, die Rue de la Loge, die Rue Large und die Corniche. Der „Sketchwalk“ wird von Professor Robert Philippart kommentiert und bei den verschiedenen „sketch sessions“ von Arnaud De Meyer geleitet.

Das Buch „LUXEMBURG Skizze für Skizze“, veröffentlicht mit der finanziellen Unterstützung der Stadt Luxemburg, des Kulturministeriums, dem Focuna und der Banque de Luxembourg, ist ab Montag, 25. September 2023, zum Preis von 25,- Euro im Buchhandel erhältlich oder kann vorbestellt werden beim Comité Alstad asbl per Überweisung von 30,- € (Versandkosten inbegriffen) auf das BCEE-Konto Nr. IBAN LU64 0019 1755 0897 0000, mit dem Vermerk „sketchbook“ .

Koloréierbuch „Callot / Mansfeld“ fir Jonk an Al

De Lëtzebuerger Szenograph, Kalligraph, Designer a Moler Gilles Becker, deen zu Wien établéiert ass, huet de Panorama vu 1753 vum Wenzel von Callot gescannt, vectoriséiert an deelweis nei gezeechent. Hien huet och zéng Usiichten aus dem dräidimensionale Modell vum Schlass vum Peter Ernst von Mansfeld ausgewielt a préparéiert, fir se faarweg ze molen.

Déi monumental an aussergewéinlech Vuën op d’Stad an d’Festung vu Lëtzebuerg am Joer 1753 vum Wenzel von Callot, am ganzen 213 cm x 35,3 cm, gouf 2018 vum Fuerscher Georg Kabierske an de Sammlunge vun der Albertina zu Wien entdeckt.

D’Koloréierbuch „Lëtzebuerg Alstad“ – 56 Säiten, eeseiteg gedréckt op 140 gr wäissen Offsetpabeier, am Format 29 x 22 cm – ka bestallt gin fir 25 € (Porto abegraff) beim Comité Alstad, duerch Iwwerweisung op onse Konnt bei der Spuerkeess

IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 a mat dem Vermierk « MOLBUCH ».

Koloréier- a Molbuch kënnt um Postwee bei iech heem.

De Comité Alstad ass iwwerzeegt, datt dës spillerech a pädagogesch Editioun de Spektrum vun touristesch-historesche Publikatioune beräichert, a Jonk wéi Al wäert begeeschteren, dës Usiichten ze fierwen an d’Geschicht vun onser Haaptstad besser kennenzeléieren.

Molbuch „Lëtzebuerg Alstad“, produzéiert vum Comité Alstad an enker Zesummenaarbecht mat de „Frënn vum Mansfeld-Schlass“.

Online Quiz iwwert d’Éimaischen

Ennert folgendem Link kennt Dier äert Wessen iwwert d’Éimaischen enner Beweis stellen!

http://qz.app.do/form/wat-wesst-dir-iwwert-d-geschicht-vun-der

Molbuch „Callot / Mansfeld“ fir Jonk an Al

De Comité Alstad freet sech matzedeelen, datt d’Molbuch „Lëtzebuerg Alstad“, produzéiert vum Alstad Comité an enker Zesummenaarbecht mat de „Frënn vum Mansfeld-Schlass“ an zwou Wochen erauskënnt.

De Lëtzebuerger Szenograph, Kalligraph, Designer a Moler Gilles Becker, deen zu Wien établéiert ass, huet de Panorama vu 1753 vum Wenzel von Callot gescannt, vectoriséiert an deelweis nei gezeechent. Hien huet och zéng Usiichten aus dem dräidimensionale Modell vum Schlass vum Peter Ernst von Mansfeld ausgewielt a préparéiert, fir se faarweg ze molen.

Déi monumental an aussergewéinlech Vue op d’Stad an d’Festung vu Lëtzebuerg am Joer 1753 vum Wenzel von Callot, am ganzen 213 cm x 35,3 cm, gouf 2018 vum Fuerscher Georg Kabierske an de Sammlunge vun der Albertina zu Wien entdeckt. D’Originalwierk aus den Albertina- Sammlungen zu Wien wor vum 23. Januar bis den 19. Abrëll 2020 am Lëtzebuerg City Museum ausgestallt.

Duerch d’Integratioun vun de Pläng vun de Gäert an der Landschaft vum Mansfeld-Schlass am „Sketchup“-Format, konnt en 3D Modell vum Schlass „La Fontaine“, dat de Peter Ernst de Mansfeld vu 1563 un a Clausen baue gelooss huet, fir d‘Frënn vum Mansfeld-Schlass – ACM entstoen.

D’Buch „Lëtzebuerg Alstad“ ass:

– e Molbuch vu 56 Säiten, eeseiteg gedréckt op 140 gr Offsetpabeier. Wäiss, am Format 29 x 22 cm, längelzeg, mat véierfaarwegem Deckel                   op beschichtem 300 gr Kartong mat gepechtem Réck.

– mat Erklärungsnotizen op Franséisch, Däitsch an Englesch mat ongeféier zwanzeg schwaarz/wäiss Illustratioune fir ze bemolen,  

 op Basis vun der „Panoramavue vu Lëtzebuerg vu 1753 ”an   

 der 3D(dreidimensionaler) Rekonstruktioun vum Mansfeld-Schlass a

 Clausen.

D’Molbuch „Lëtzebuerg Alstad“ gëtt fir 15 € verkaf vum Comité Alstad, 14, rue Sigefroi, L- 2536 Luxembourg / BP 830, L-2018 Lëtzebuerg  comite.alstad@pt.lu  Telefon 46 61 88 .

De Comité Alstad ass iwwerzeegt, datt dës spillerech a pädagogesch Editioun de Spektrum vun touristesch-historesche Publikatioune beräichert, a Jonk wéi Al wäert begeeschteren, dës Usiichten ze fierwen an d’Geschicht vun onser Haaptstad besser kennenzeléieren.

Seite 4 von 6

Präsentiert von WordPress & Theme erstellt von Anders Norén