Digital Éimaischen

Wéint der Ausbreedung vum Corona-Virus ka bekanntlech dëst Joer leider keng Éimaischen um Fëschmaart stattfannen.

D’Éimaischen ass en Deel vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg. Dat immateriellt Kulturierwen ass awer wuel lieweg, well et vill Mënschen an Associatioune gëtt, déi ons Traditiounen um Liewen halen, an déi ons sou e Gefill vun Identitéit a Kontinuitéit vermëttelen. 

Aus dësem Grond huet de Comité Alstad wëlles, zesumme mat der Stad Lëtzebuerg, der Lëtzebuerger Unesco-Kommissioun, dem Kulturministär an dem Centre national de l’audiovisuel (CNA), an der Photothéik vun der Stad Lëtzebuerg, eng virtuell Éimaischen am Kader vu 25 Joer Lëtzebuerg patrimoine mondial op d’Been setzen.

Mee dofir brauche mir Är Hëllef! Dofir wëllen mir en drengenden Appel un all déi Leit riichten, déi Filmmaterial, Videomaterial a Fotoen vun Éimaisercher um Fëschmart aus fréiere Joeren hun, ons dat zur Verfügung ze stellen, fir se op www.iki.lu, www.vdl.lu an op de sozialen Netzwierker der Stad, der Comité Alstad an d’Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun ze publizéieren. Adresséiere kann een daat Material op folgend Email-Adressen: comite.alstad@pt.lu oder guyjourdain12@gmail.com

Péckvillecher an aner Erënnerungsstécker kritt een elo schons an bis Ouschterméinden an dem Online Shop vum Comité Alstad. Och invitéiere mer Iech, den 13. Abrëll eng Foto vun Ärem schéinste Péckvillchen vun doheem aus ze deelen mat den Hashtags: #MyPéckvillchen #MäiPéckvillchen #DigitalÉimaischen #DigitalIKI

Besichen Si eis op Facebook!

Schreibe einen Kommentar