Am Kader vun den Journées Européennes du Patrimoine 2023 déi dëst Joer dem „living heritage“ reservéiert sin, publizéiert de Comité Alstad e Buch mam Titel „ Éimaischen & Aulebäcker … Luxemburger immaterielles Kulturerbe“.

D’Organisatioun vun de Vereenten Natioune fir Erzéiung, Wëssenschaft a Kultur (UNESCO) bezeechent als „immateriellt Kulturierwen“ Gebräicher, Opféierungen, Ausdrocksweisen, Uluechten, Wëssensschätz a Fangerfäerdegkeeten, déi d’Mënsche selwer als Deel vun hirem kulturellen Ierwen ugesinn. Mat derzou gehéieren och d’Saachen an d’Plazen, d’Geschier an d’Gezei, déi ee brauch, fir dës Traditiounen um Liewen ze erhalen. Vu Generatioun zu Generatioun gëtt dës Ierfschaft ëmmer nei vun hiren Ierwen erschaf, am Zesummespill mat hirem jeeweilegen Ëmfeld, hirer Geschicht an der Natur.

Dofir gëtt dat immateriellt Kulturierwen och gären „liewegt Kulturierwen“ genannt: lieweg, well déi Mënschen, déi et iwwerhuelen, et als sollech unerkennen an um Liewen halen; lieweg awer och, well et hinnen e Gefill vun Identitéit a Kontinuitéit vermëttelt. Doduercher gëtt d’Villfältegkeet an der Kultur geuecht an d’Schafensfreed vun de Mënsche gefuerdert a gefërdert. D’Leit halen hiert Ierwen um Liewen an hiert Ierwen dréit zu hirem Liewe bäi – ëmmer erëm op en Neits.

Eng vun de beléiftsten Traditioune bei de Lëtzebuerger ass d’Éimaischen, en alen Aulebäckermaart, dee Joer fir Joer op Ouschterméindeg um Fëschmaart, am Häerz vun der Alstad, ofgehale gëtt.

D’Éimaischen ass a bleift virun allem en Aulebäckermaart mat senge villen Zorte Péckvillercher an allerlee ierdenen Dëppen, Päifen, Geschir a Spillsaache fir déi Kleng. Hei gi sech zënter Joerhonnerten d’Lëtzebuerger an hir auslännesch Gäscht zu Dausende Rendez-vous an enger eemoleger Festdagsstëmmung.

Den Ursprong vun dësem joerhonnertenalen Handwierkermaart, dee sech am Laf vun der Zäit zu enger Kiermes ronderëm de Fëschmaart entwéckelt huet, läit ëm d’14. Joerhonnert.
Op Ouschterméindeg sinn déi Nouspelter Aulebäcker op de Fëschmaart hir Wuere verkafe komm. Zu Nouspelt gëtt schonn zënter Joerhonnerten Aulegeschir gebrannt aus Nouspelter Toun, wéi an engem Dokument aus dem Joer 1458 ze liesen ass. Ënnert dem Nouspelter Aulegeschir bilden den Haaptbestanddeel, oder op d‘mannst dee kaméidiméisseg stäerksten an dofir charakteristeschsten, d’Péckvillercher, op déi sech nach haut Grouss a Kleng freeën. Donieft gouf et „Spriddelcher“ (Waasser-Péckvillercher) an „Léinefässercher“ oder „Weirachen“.

D’Buch, gouf verfaasst vum Guy Jourdain, President vum Comité Alstad asbl, deen et am A5-Format vun 134 Säiten éditéiert. Dës räich illustréiert Publikatioun beschäftegt sech mat den Themen Etymologie und Ursprung der Éimaischen – Die St. Theobaldus-Bruderschaft und die „Éimaischen“ – Das Töpferhandwerk – Nospelter Töpferei – ein früheres Dorfhandwerk – Stadtluxemburger Krüger und Töpfer – die „Péckvillercher“ und die „Stater Éimaischen“ – Neubelebung der „Éimaischen“ im XIX. Jahrhundert – zwei einheimische Töpfer des 20. Jahrhunderts Jean Peters und Léon Nosbusch – der Kunsthistoriker Georges Schmitt und das „Comité Alstad“.


Et gëtt offiziell présentéiert den 30. September 2023 am Kader vum „Dag vum Immaterielle Kulturierwen“ an der Abtei Neimënster an der Stad statt.

D’Buch „Die Éimaischen – Luxemburger immaterielles Kulturerbe“ gëtt et vum 1. September 2023 fir 15,- Euro an de Bicherbutteker oder kann am Viraus vum Comité Alstad asbl iwwer Iwwerweisung op de Spuerkeesskont BCEE IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 zum Präis vun 20.- € ( Porto abegraff ) bestallt ginn mat dem Vermierk „Buch Éimaischen“.

Parution d’un livre sur l‘Éimaischen – patrimoine immateriel

en langue allemande

Dans le cadre des Journées Européennes du Patrimoine 2023 placées sous le thème de « living heritage », le Comité Alstad publie un livre de intitulé „Éimaischen & Aulebäcker … Luxemburger immaterielles Kulturerbe“ -l’Éimaischen & les potiers…parimoine culturel immatériel luxembourgeois.

Une des traditions les plus chères aux luxembourgeois est l’«Éimaischen“ (fête d’Emmaüs), qui a lieu le lundi de Pâques, au Marché-aux-Poissons, au coeur même de la vieille ville de Luxembourg.

Les origines de cette foire, traditionnellement artisanale, devenue au fil du temps marché-kermesse populaire, remontent au XIVe siècle. La confrérie des potiers ou „Aulebäcker“ y célébrait la fête de leur saint patron le lundi de Pâques. Ce jour-là, les potiers du village de Nospelt, où la production de poteries est attestée depuis1458, profitaient du marché traditionnel pour vendre une grande partie de leur production annuelle.

L’oiseau-siffleur appelé „Péckvillchen“ constitue encore aujourd’hui l’objet-clef de l’Éimaischen, autrefois à côté des sifflets à eau „Spriddelcher“ ou les encensoirs „Léinefässercher“ ou „Weirachen“.

En 2008, l’Éimaischen fut inscrite à l’inventaire national luxembourgeois du patrimoine culturel immatériel de l’UNESCO. En raison de la pandémie la conférence sur l’ Éimaischen prévue le 13 avril 2021 au Lëtzebuerg City Museum dans le cadre du „25 ans Lëtzebuerg patrimoine mondial“ de l’UNESCO au Musée de la Ville de Luxembourg n’a pu se tenir devant public et a été remplacée par une visioconférence richement illustrée. La conférence en luxembourgeois fut finalement enregistrée en vidéo et agrémentée d’extraits du poême d’Emmeis´chen de Jean Henri Wachthausen, présentés par Claude Humbert.

Aujourd’hui le Comité Alstad présente, après approfondissement des recherches autour de l’Éimaischen, du métier de potier, de la poterie et des relations étroites avec le village de la poterie de Nospelt , une publication présentant l’histoire de cet héritage immatériel du patrimoine qu’est l’Éimaischen à un public très large.

Le livre, réalisé et coordonné par Guy Jourdain, président de l’association, est édité par le Comité Alstad en format A5 de 134 pages. Cette publication en langue allemande, richement illustrée, traite notamment les thèmes suivants : étymologie et origine de l’Éimaischen – la Confrérie Saint-Thiébaut et les potiers – la poterie de Nospelt – un ancien artisanat villageois – les potiers dans la ville de Luxembourg – les  „Péckvillercher“ et la „Stater Éimaischen“ – renaissance de l’Éimaischen“ au XIXe siècle – Deux artistes-potiers du XXe siècle, Jean Peters et Léon Nosbusch – l’historien de l’art Georges Schmitt et le Comité Alstad.

La présentation du livre aura lieu le 30 septembre 2023 dans le cadre du «Dag vum Immaterielle Kulturierwen» ( Journée du patrimoine immatériel) à l’Abbaye Neumünster à Luxembourg-Ville. 

Le livre « Die Éimaischen – immaterielles Kulturerbe » sera en vente au prix de 15.- Euro en librairie à partir du 1er septembre 2023 ou peut être commandé à l’avance auprès du Comité Alstad asbl par virement au compte BCEE n° IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 au prix de 20.- € (frais d’envoi inclus), avec la mention „Buch Éimaischen“.

Ein Buch über die Éimaischen – immaterielles Kulturerbe

Im Rahmen der European Heritage Days 2023, die unter dem Motto „lebendiges Erbe“ stehen, veröffentlicht das Comité Alstad ein Buch mit dem Titel „ Éimaischen & Aulebäcker … Luxemburger immaterielles Kulturerbe“, das die immaterielle und jahrhundertealte Praxis hervorstreicht, welche die Éimaischen darstellt.

Eine der beliebtesten Traditionen der Luxemburger ist die „Éimaischen“ (Emmaus-Fest), ein alter Töpfermarkt, der Jahr für Jahr am Ostermontag auf dem Fischmarkt, im Herzen der Altstadt von Luxemburg, abgehalten wird.

Hier geben sich die Luxemburger und ihre ausländischen Gäste seit mehreren Jahrhunderten zu Tausenden ein Stelldichein. Die Éimaischen ist vor allem ein Töpfermarkt mit insbesondere den „Péckvillercher“ (sozusagen Vogel-Pfeifen) sowie allerlei Ton-Spielzeug und -Haushaltsgerät …

Der Ursprung dieses jahrhundertealten Handwerkermarktes, der sich im Laufe der Zeit zu einer Art Kirmes-Markt entwickelt hat, reicht ins 14. Jahrhundert. Am Ostermontag zogen die Töpfer aus dem Dorf Nospelt zum Fischmarkt um ihre Töpferware anzubieten. Seit alten Zeiten gab es in Nospelt Töpfer, wie aus einem Dokument aus dem Jahr 1458 ersichtlich ist. Unter ihren feilgebotenen Waren bilden deren wesentlichen oder doch zum mindesten geräuschvollsten und deshalb charakteristischsten Bestandteil eben die „Péckvillchercher“ (Vogelpfeifen), die noch heute Groß und Klein erfreuen. Daneben gab es „Spriddelcher“ (Wasservogelpfeifen) und irdene Weihrauchfässchen auch „Léinefässercher“ oder „Weirachen“ genannt.

Das Buch wurde von Guy Jourdain, Präsident des Comité Alstad asbl, geschrieben, der es im A5-Format mit 140 Seiten herausgab. Diese reich bebilderte Publikation befasst sich insbesondere mit den Themen:

Etymologie und Herkunft des Îmaischen – Die St. Theobaldus-Bruderschaft und die „Eimaischen“ – Das Töpferhandwerk – Nospelter Töpferei – ein ehemaliges Dorfhandwerk – Stadtluxemburger Töpfer und Töpfer – die „Péckvillercher“ und die „Stater Éimaischen“ – Wiederbelebung der „Eimaischen“ im XIX. Jahrhundert – zwei einheimische Töpfer des 20. Jahrhunderts Jean Peters und Léon Nosbusch – der Kunsthistoriker Georges Schmitt und das „Comité Alstad“.

Die offizielle Vorstellung erfolgt am 30. September 2023 im Rahmen des „Tages des immateriellen Kulturerbes“ in der Neimünster-Abtei in Luxemburg-Grund.

Das Buch „ Éimaischen & Aulebäcker … Luxemburger immaterielles Kulturerbe“ ist ab 1. September 2023, zu 15 Euro im Buchhandel erhältlich oder kann vorab bei Comité Alstad asbl per Banküberweisung auf das Sparkassenkonto BCEE IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 zum Preis von 20 EURO ( Porto inbegriffen ) bestellt werden, mit dm Vermerk „Buch Éimaischen“.