Mier brauchen Är Hëllef, fir eng virtuell Eemaischen ze realiséieren

Wien huet Filmmaterial, Videomaterial a Fotoe vun Eemaiserscher an der Alstad aus fréiere Joren a ka se zu Verfügung stellen?

Extrem vill Manifestatiounen, Evenementer a Fester musse wéinst dem Coronavirus ofgesot ginn, dovunner bleift och déi traditiounsräich Eemaischen net verschount.

Ma obwuel d’Eemaischen dëst Joer wäert ausfalen, huet de Comité Alstad wëlles en virtuell Versioun vun der Eemaischen op d’Been ze stellen. Fir dëst kënnen ze maachen, freet de Comité zesumme mat der Lëtzebuerger Unesco-Kommissioun an dem CNA d’Hëllef vun de Leit dobaussen.

© Comité Alstad – Eemaischen aus aalen Zaiten.

Wien nach doheem Filmmaterial, Videomaterial oder Fotoe vun Eemaiserscher an der Alstad aus fréiere Joren huet, kann dëst dem Comité zur Verfügung stellen an esou eventuell, natierlech mat Copyright, Deel vun dësem flotte Projet ginn.

Adresséiere kann een dat Material op folgend Email-Adressen : comite.alstad@pt.lu oder guyjourdain12@gmail.com

Schreibe einen Kommentar