Péckvillchen CA

Och dëst Joer proposéiere mir Iech onse Péckvillchen an den traditionelle Faarwe vum Comité Alstad: orange a blo. Entworf an hiergestallt bei der Ligue HMC op der Cap. D’Koppel Péckvillercher CA kascht 50 € (1 orange/blo + 1 blo/orange). Oder eenzel, da kascht de Péckvillchen 28 €.
Bestelle kann een déi Péckvillercher beim Comité Alstad duerch Iwwerweise vun der entspriechender Zomm op de Kont bei der Spuerkeess IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 mam Vermierk „Péckvillchen CA
Péckvillchen Palais

Dëst Joer gëtt et dann och eppes Neies. De Péckvillche Palais, entworf vun der Madame Sandra Pereira, och an hierem Atelier zu Useldeng hiergestallt, huet als Motiv de Palais, deen ons nach eng Kéier un den Trounwiessel erënnere soll. De Péckvillchen ass den 1. vun enger Serie mat Motiver vun der Alstad. Mir wëllen nach eemol drop opmierksam man, datt all Péckvillercher vun der Madame Pereira 100% Handaarbecht sinn. De Péckvillche Palais kascht 35 €.
Bestelle kann een de Péckvillche Palais beim Comité Alstad duerch Iwwerweise vun der entspriechender Zomm op de Kont bei der Spuerkeess IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 mam Vermierk „Péckvillchen Palais“
Péckvillchen Télévie

Dëse flotte Péckvillchen, mat Schal a Logo Télévie, dee mer verkafen zu Gonschten vum Télévie, gouf am Keramikatelier vun der Fondatioun Kräizbierg entworf, an och do fabrizéiert. De Péckvillche kascht 40 €.
Bestelle kann een de Péckvillchen Télévie beim Comité Alstad duerch Iwwerweise vun der entspriechender Zomm op de Kont bei der Spuerkeess IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 mam Vermierk „Péckvillchen Télévie“
| Ofhuele kann ee seng bestallte Péckvillercher Ouschterméindeg, de 06. Abrëll 2026 op der Éimaischen um Stand vum Comité Alstad (um Rouscht hannert dem Palais) vun 09:00 Auer un bis 17:00 Auer). Wien awer net kann op d’Éimaische kommen, dee ka seng Bestellung am Büro vum Comité Alstad ofhuelen um N° 14 an der Siegfridstrooss (vis-à-vis vum Staatsrot) vun Dënschdes, de 07. Abrëll bis Freides, den 10. Abrëll 2026 oder op Rendez-vous. |
Schreibe einen Kommentar
Du musst angemeldet sein, um einen Kommentar abzugeben.