Product Category: Éimaischen 2020

Plateau « Lëtzebuerger Gebräicher » mat Zeechnungen vum Émile Probst

Bestelle kann en awer trotz
der annulléierter Éimaischen

 

Den Émile Probst, gebuer de 15. Oktober 1913 zu Veianen, a gestuerwen den 2. Dezember 2004 an der Stad Lëtzebuerg, war e bekannte lëtzebuergesche Graphiker, Glasmoler, Kari-katurist a och Publizist. Hie war de Brudder vum Moler Joseph Probst.

 

Den Émile Probst huet zu Bréissel an zu Düsseldorf Konscht studéiert. Vu virum Zweete Weltkrich bis 1941 huet en an enger Dréckerei geschafft an 1945 war hien de Grënner vun der Revue. Vun him stamen eng 120 Entwërf fir Kiercheglasmolereien zu Lëtzebuerg an am noen Ausland, wéi zum Beispill déi grouss faarweg Fënster an der Fëschbecher Kierch bei Miersch, iwwer der Entrée tëscht der Virhal an dem Kiercheraum. Se gouf 1957 vun der Firma Linster Frères vu Munneref gemaach.

 

Op der Frankfurter Bicherfoire goufen Ufanks den 1960er Joren e puer Editeuren op seng Zeechnungen opmierksam an hunn hien ënner Kontrakt geholl. Doropshi si ronn 650 Kanner- a Jugendbicher a verschiddene Sproochen erauskomm vun deenen hien der 25 selwer illustréiert hat.

 

Den Émile Probst gouf am Abrëll 1936 mat der Textilkënschtlerin Denise Massin bestuet, mat där hien en Atelier zu Bréissel hat.

 

Geschäft Reuter-Heuardt um roude Pëtz hat fir seng Kondschaft fir neit Joer 1953 e flotten Kalenner mat verschiddenen lëtzebuerger Gebräicher. Mir hun ons der 3 vun dësen flotten Zeechnungen erausgesicht « Léiwer Hergottsblieschen », « D’Klack laut éischt » an « Op der Éimaischen » a proposéiren iech déi 3 als Motiv op engem rechteckegen Plateau (33 x 23 cm). – Eng kuerz Beschreiwung op lëtzebuergesch, franséisch, däitsch an englesch léien derbei.

 

IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 mam Vermierk: Lëtzebuerger Gebräicher.

 

Dier huet d’Méiglechkeet, är Bestellung bei ons am Büro op N° 14 an der Siegfriedstrooss (dat fréiert Paschtoeschhaus vu St. Méchel, vis à-vis vum Staatsrot)) um Fëschmaart, vum 14. Abrëll bis den 21. Abrëll 2019 ofzehuelen, vu mueres 09:00 Auer – 12:00 Auer.

E schéine Plateau op dem puer gutt Kichelcher an och e puer gudder Stéicker Schokela leien fir nomëttes beim Kaffi.

Peckvillchen 2020 (+10€ Versand)

Och dëst Joer e neie Peckvillchen vum Comité Alstad

 Bestelle kann en awer trotz
der annulléierter Éimaischen

 

 

Mir bleiwen onser Tradition trei a bidden iech och dëst Joer en neie Peckvillchen un an onsen Faarwen orange a blo un. Mir sinn och ganz houfreg dass mer och dëst Joer onsen Peckvillchen konnten mat der Ligue HMC réaliséieren.

 

De Peckvillchen kascht 25,00 € a kann bis zum 8. Abrëll 2020 beim Comité Alstad bestallt ginn duerch Iwwerweise vu 25,00 € pro Peckvilchen op onse Kont bei der Spuerkeesss

IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 mam Vermierk: Peckvillchen 2020

 

Dier huet d’Méiglechkeet, är Bestellung bei ons am Büro op N° 14 an der Siegfriedstrooss (dat fréiert Paschtoeschhaus vu St. Méchel, vis à-vis vum Staatsrot)) um Fëschmaart, vum 14. Abrëll bis den 21. Abrëll 2019 ofzehuelen, vu mueres 09:00 Auer – 12:00 Auer.

3D Péckvillchen – Éimaischen 2020 (+10€ Versand)

Bestelle kann en awer trotz
der annulléierter Éimaischen

Onse vill ze fréi verstuerwenen Member Jean Heldenstein hat e mol gemengt, de Comité Alstad soll och emol de Courage an zwou Hänn huelen an op der Éimaischen en neie Wee aschlon. An den Jean Heldenstein koum dun mat der Idee en 3D Peckvillchen, also e Peckvillchen um Computer entworf an erausgeprint mat engem 3D Printer. Mir hun Kontakt ogeholl mam Lycée des Arts et Métiers, der Madame Françoise Ahlborn, Responsabel vun der Klass 3D Design. Madame Ahlborn huet sech mat hieren Studenten och direkt dru gesat an huet emol en éischten Entworf vun esou engem Peckvillchen gemach. Op der Éimaischen 2018 hun Studenten vun der Klass 3D Design op engem Stand niewent dem Comité Alstad e puer Modellen vun 3D Peckvillercher presentéiert an déi néideg Informatiounen den Intresséierten ginn.

 

Elo ass et dann endlech esouweit. Elo kenne mer iech e neien modernen 3D Peckvillchen ubidden, e Peckvillchen mam Numm “Jang”, als Erënnerung un onsen verstuerwenen Member dem senng Iddi dëse Peckvillchen wor.

 

Betellen kann elo den 3D Peckvillchen “Jang” beim Comité Alstad vun elo u bis den 8. Abrëll 2020 beim Comité Alstad, duerch Iwwerweise vu 75,00 € pro Stéick op onse Kont bei der Spuerkeesss

IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 mam Vermierk:
“3D Péckvillchen”

 

Dier huet d’Méiglechkeet, är Bestellung bei ons am Büro op N° 14 an der Siegfriedstrooss (dat fréiert Paschtoeschhaus vu St. Méchel, vis à-vis vum Staatsrot)) um Fëschmaart, vum 14. Abrëll bis den 21. Abrëll 2019 ofzehuelen, vu mueres 09:00 Auer – 12:00 Auer.

 

Et siew drop opmierksam gemach dass den 3D Péckvillchen “Jang” nemmen 50 x geprint gouf bei der Firma 3DPrint.lu-Amsol, ass numerotéiert an seng Moossen sinn 9 cm lang, 8 cm breet an 8,5 cm héich.

Präsentiert von WordPress & Theme erstellt von Anders Norén