Fir d‘ Éimaischen 2021 , déi jo elo wéinst Corona ofgesot ginn ass, bidd de Comité Alstad an Zesummenaarbecht mam Lëtzebuerger Kënschtler Jacques Schneider, trotzdem Iech e e schéine Plateau un mam Lëtzebuerger Léiw an am Hannergronn de Groussherzogleche Palais.
Dëse Plateau ass geduecht als Erënnerung un den 20. Joeresdag vum Trounwiessel vum Groussherzog Henri, awer och als Hommage fir den 100. Gebuertsdag vun onsem verstuerwene Groussherzog Jean.
Bestelle kann een de Plateau (30 x 30 cm) vun elo u bis den 2. Abrëll 2021 beim Comité Alstad, duerch Iwwerweise vu 45,00 € pro Plateau op onse Kont bei der Spuerkeess
IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 mam Vermierk: Plateau Léiw
Den Erléis vum Plateau ass geduecht fir d’ Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse.
Product Category: Emaischen 2021
Natierlech hu mer fir Iech och erëm e flotte Péckvillchen, entworf a produzéiert am Atelier vun der Ligue HMC.
Dir kënnt vun elo u bis den 2. Abrëll 2021 de Péckvillche beim Comité Alstad bestellen, duerch Iwwerweise vu 25,00 € pro Stéck op onse Kont bei der Spuerkeess
IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 mam Vermierk: Péckvillchen 21