3D Péckvillchen - Éimaischen 2020 (+10€ Versand)
75€
Bestelle kann en awer trotz
der annulléierter Éimaischen
Onse vill ze fréi verstuerwenen Member Jean Heldenstein hat e mol gemengt, de Comité Alstad soll och emol de Courage an zwou Hänn huelen an op der Éimaischen en neie Wee aschlon. An den Jean Heldenstein koum dun mat der Idee en 3D Peckvillchen, also e Peckvillchen um Computer entworf an erausgeprint mat engem 3D Printer. Mir hun Kontakt ogeholl mam Lycée des Arts et Métiers, der Madame Françoise Ahlborn, Responsabel vun der Klass 3D Design. Madame Ahlborn huet sech mat hieren Studenten och direkt dru gesat an huet emol en éischten Entworf vun esou engem Peckvillchen gemach. Op der Éimaischen 2018 hun Studenten vun der Klass 3D Design op engem Stand niewent dem Comité Alstad e puer Modellen vun 3D Peckvillercher presentéiert an déi néideg Informatiounen den Intresséierten ginn.
Elo ass et dann endlech esouweit. Elo kenne mer iech e neien modernen 3D Peckvillchen ubidden, e Peckvillchen mam Numm “Jang”, als Erënnerung un onsen verstuerwenen Member dem senng Iddi dëse Peckvillchen wor.
Betellen kann elo den 3D Peckvillchen “Jang” beim Comité Alstad vun elo u bis den 8. Abrëll 2020 beim Comité Alstad, duerch Iwwerweise vu 75,00 € pro Stéick op onse Kont bei der Spuerkeesss
IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 mam Vermierk:
“3D Péckvillchen”
Dier huet d’Méiglechkeet, är Bestellung bei ons am Büro op N° 14 an der Siegfriedstrooss (dat fréiert Paschtoeschhaus vu St. Méchel, vis à-vis vum Staatsrot)) um Fëschmaart, vum 14. Abrëll bis den 21. Abrëll 2019 ofzehuelen, vu mueres 09:00 Auer – 12:00 Auer.
Et siew drop opmierksam gemach dass den 3D Péckvillchen “Jang” nemmen 50 x geprint gouf bei der Firma 3DPrint.lu-Amsol, ass numerotéiert an seng Moossen sinn 9 cm lang, 8 cm breet an 8,5 cm héich.