Hei stelle mir 4 rezent Publiatioune vum Comité Alstad viir :
1 “ Éimaischen & Aulebäcker … Luxemburger immaterielles Kulturerbe“ ass den Titel vun der neister Publikatioun vum Comité Alstad.
D’UNESCO bezeechent dat immateriellt Kulturierwen och gären alsc„liewegt Kulturierwen“. Eng vun de beléiftsten Traditioune bei de Lëtzebuerger ass d’Éimaischen, en alen Aulebäckermaart, dee Joer fir Joer op Ouschterméindeg um Fëschmaart, am Häerz vun der Alstad, ofgehale gëtt.
D’Buch, verfaasst vum Guy Jourdain, President vum Comité Alstad asbl, räich illustréiert, beschäftegt sech mat den Themen „Etymologie und Ursprung der Éimaischen – Die St. Theobaldus-Bruderschaft und die „Éimaischen“ – Das Töpferhandwerk – Nospelter Töpferei – ein früheres Dorfhandwerk – Stadtluxemburger Krüger und Töpfer – die „Péckvillercher“und die „Stater Éimaischen“ – zwei einheimische Töpfer des 20. Jahrhunderts, Jean Peters und Léon Nosbusch sowie der Kunsthistoriker Georges Schmitt und das „Comité Alstad“.
2 „LUXEMBOURG sketch by sketch“ ass eng Sammlung vu Skizzen, déi tëscht 2016 an 2023 vum belsch-lëtzebuergeschen Architekt Arnaud De Meyer (1972) an der Alstad a senge Banlieue op der Plaz (in situ) gemaach goufen. D’Skizzen op dëse Säiten gesammelt illustréieren verschidde Plazen an der Alstad an historesche Banlieue, déi den Auteur markéiert hunn.
D’A5 Format vum Skizzebuch entsprécht der Gréisst vun den originalen Skizzebicher, déi vum Auteur benotzt gin. D’Skizzen ginn also an hirer originaler Gréisst presentéiert an dat klengt handlecht Format vum Buch mat haardem Deckel, maachen doraus och e praktesche Guide fir d’Stad ze besichen. D’Plaze wou d’Skizzen gemaach goufen sinn op enger Kaart markéiert, déi erlaaben vun enger skizzéierter Plaz op déi aner gefouert ze gin.
3 D’Molbuch „Lëtzebuerg Alstad“, 2021 beim Comité Alstad editéiert, an enker Zesummenaarbecht mat de „Frënn vum Mansfeld-Schlass“ erauskomm,gouf vum lëtzebuerger Szenograph, Kalligraph, Designer a Moler Gilles Becker, hien huet de Scan vum Panorama vu 1753 vum Wenzel von Callot vectoriséiert an deelweis nei gezeechent. Hien huet och zéng Usiichten aus dem dräidimensionale Modell vum Schlass vum Peter Ernst von Mansfeld ausgewielt a préparéiert, fir se faarweg ze molen.
4 „D’Séche vun der Ko‘ a vun der Méck“, „Aus dem Liewe vum Zënt Märten“ an „d’Séche vum Zinniklos“ sinn dréi Séërcher vum Georges Schmitt (1907-1986) aus der lëtzebuergescher Literatur. De Comité Alstad huet déi 3 Legenden an engem Sammelband fir Chrëschtdaag 2021 erausbruecht.
Interessant ass, datt déi 3 Geschichtercher souwuel an der aler Schreifweis aus der Zäit vum Georges Schmitt an an enger Géintiwwerstellung mat der haiteger Schreifweis vun der lëtzebuergescher Sprooch kenne verglach ginn. De Georges Schmitt war Konschthistoriker an Conservateur am nationale Geschichtsmusée an Matbegrënner vum Comité Alstad. D’Iwwerschreiwung an déi haiteg lëtzebuerger Schreifweis vum Robert Baddé goufen un Hand vun den Urtexter vun 1944 an 1945 vum Georges Schmitt gemaach. Fir de Layout war de Sergio Di Paoli zoustänneg.
D’Bicher kann ee bestellen beim Conité Alstad asbl – um Telefon 46 61 88 oder per E-Mail comite.alstad@pt.lu 0der einfach duerch Iwwerweisung op de Spuerkeesskont BCEE IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 :
Déi éischt Aktivitéite vum Vokalensembel „Les Amis du Chant Luxembourg“ gin an d’fréi 1970er Joren zréck, wou sech e puer Frënn regelméisseg getraff hunn, fir sech mat enger gemeinsamer Leidenschaft, dem Chouergesang, ze widmen.
Wann d’Aktivitéite vum Ensembel fir d’éischt op de musikaleschen Encadrement vun Hochzäitsmessen a geleeëntleche Concerte limitéiert waren, hunn d’Verpflichtungen sech iwwer d’Jore multiplizéiert an diversifizéier bis en 1978 offiziell gegrënnt gouf an den 8. November 1980 den éischte Concert als „Les Amis du Chant Luxembourg“ presentéiert huet.
Zënter 1978 huet de Vokalensembel „Les Amis du Chant Luxembourgsng „, deem seng Zuel vu Sängerinnen a Sänger am Laaf vun de Joeren vun 13 op 28 eropgaang ass,
Den Ensembel huet sech virun allem zu Lëtzebuerg mat sengen traditionellen Chrëschtconcert’en « Christmas Carols » – Chrëschtlidder, déi vun 1992 un all Joer am Conservatoire stattfonnt hun, esou wéi a verschiddenen Uertschaften am Land, e grousse Numm geschaaf.
Gegrënnt 1996, bréngt d’Formatioun „Luxembourg Brass Ensemble“ zéng renomméiert Museker zesummen, déi passionéiert sinn fir Blechbléisermusek. Den Ensembel huet aussergewéinlech dynamesch Mëttelen, déi all Publium verféieren. Eng Formatioun mat engem breeden a genialen Toun, huet de „Luxembourg Brass Ensemble“ eng wichteg Plaaz souwuel an der klassescher Musek wéi an de Wierker vun der zäitgenëssescher Musek fonnt. De Patrimoine vum Ensemblee ass sou grouss wéi variéiert ass. Jee no Bedierfnesser gesellen sech zum Ensembel och nach zwee Percussionisten…
Den Organist Laurent Felten, gebuer 1976, huet seng musikalesch Studien am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg ugefaangen, wou hien e puer éisch Präisser gewonnen huet ( Uergel, Cembalo, Harmonie, Kontrapunkt, Fugue…). 1996 krut hien an der Klass vum Alain Wirth de Prix Supérieur p der Uergel mat Auszeechnung. Säi Museksstudium huet hie weider am Conservatoire Royal vu Bréissel, an der Uergelklass vum Jean Ferrard a Xavier Deprez, wou hien den Éischte Präis an der Uergel.
Hie kruut 2001 den Norbert Stelmes-Präis vun de JML zu Lëtzebuerg an huet 2002 säi Studium um Bréisseler Conservatoire mat engem Prix Supérieur op der Uergel mat grousser Distinctioun ofgeschloss. Vum Alter vu 14 Joer un wor de Laurent Felten schon Organist vun der Porkierch um Cents. Tëschent 2000 an 2015 war hien Organist an der St. Martinskierch zu Diddeleng an zënter 2011 Titulaire an der Porkierch zu Jonglënster.
Um Programm vum Chrëschtconcert an der Méchelskiech, gesonge vun den Amis du Chant ënner der Leedung vum François Theis, a mat der Begleedung vum Luxembourg Brass Ensemble an dem Laurent Felten op der Uergel, stin Chrëschtlidder vu gëscht an haut an aus allen Häre Länner.
Fir secher ze sinn eng gudd Plaz ze kréien kann elo schons réservéieren beim Comité Alstad um Telefon 46 61 88 oder E-Mail comite.alstad@pt.lu.
Dem „Comité Alstad“ asbl läit de Patrimoine vun der Alstad besonnesch um Haerz, mat hieren ënnerhaalenswaerten Architektur-Denkmäler mat hierer räicher Geschicht jo nët.
De Comite Alstad huet sech der Geschicht, dem Ënnerhalt an der Beliewung vun désem Patrimoine zënter 86 Joer ugeholl. Och steht de Comite Alstad zënter 1937 fir en Opliewen vun der Stater Éimaischen, déi et op d’Lëscht vum immateriellen Kulturiewen vun der Unesco bruecht huet.
Zweemol am Joer gëtt de „Comité Alstad“ en Nooriichte-Blad , d’ALSTAD NEWS – Neiegkeeten aus der Alstad an Artikelen wéi „Historesch Gebaier an Haiser aus der Alstad“ an „Perséinlechkeeten aus der Alstad“ eraus : virun Ouschteren an am November, viru Chrëschtdaag. Verschéckt gin se virun allem un d’Memberen, d’Eierememberen an d’Ënnerstëtzer vum „Comité Alstad“ a verdeelt an der glan der Alstad an am MNHA, am LCTO an am Lëtzebuerg City Museum.
Fir déi nächst Editiounen vun den ALSTAD NEWS kënnen z’assuréieren, wären mir frou Geschäftsleit, Firmen an Handwierker aus der Stad kënnen ze fannen, déi ons mat enger Publizitéit géifen ënnerstëtzen.
Déi nächst Alstad News kommen Ufank November 2023 eraus an intresséiert Annonceuren kënnen Annoncen bestellen bis de 15. September 2023 zu folgenden Formaten a Präisser :
– 1/3 Säit – 78 x 160 mm – 150 EUR
– 1/6 Säit – 77 x 78 mm – 100 EUR
Bestellungen sin virum 15. Oktober 2023 ze schécken un :
Comité Alstad asbl
14, rue Sigefroi
L-2536 Luxembourg
comite.alstad@pt.lu
WERBUNG IN DEN ALSTAD NEWS
Das „Comité Alstad asbl“, das sich massgeblich für den Schutz des Erbes der Altstadt einsetzt, ist eine gemeinnützige Organisation und engagiert sich seit 86 Jahren in der lebendigen Geschichte, Entwicklung und Belebung dieses Erbes. Darüber hinaus lässt das „Comité Alstad“ asbl seit 1937 die Tradition der „Éimaischen“ wieder aufleben, die von der Unesco in die Liste des immateriellen Kulturerbes aufgenommen wurde .
Zweimal im Jahr veröffentlicht das „Comité Alstad“ die ALSTAD NEWS – Old Town News, die auch zweimal im Jahr Artikel wie „Historische Gebäude und Häuser der Altstadt“ und „Persönlichkeiten der Altstadt“ enthalten: vor Ostern und im November. Diese Veröffentlichung wird an Mitglieder, Ehrenmitglieder und Unterstützer des „Comité Alstad“, Handwerker und Ladenbesitzer in der Altstadt verteilt und an das MNHA, das LCTO und das Museum der Stadt Luxemburg verteilt.
Um die nächsten Ausgaben der ALSTAD NEWS sicherstellen zu können, würden wir uns freuen, Händler, Unternehmen und Handwerker in der Stadt zu finden, die uns mit Werbung unterstützen.
Die nächste Veröffentlichung der ALSTAD NEWS ist für Anfang November 2023 geplant und Interessenten können Anzeigen in den folgenden Formaten und Preisen bestellen :
– 1/3 Seite – 78 x 160 mm – 150 EUR
– 1/6 Seite – 77 x 78 mm – 100 EUR
Bestellungen sind vor dem 15. Oktober 2023 zu richten an :
Comité Alstad asbl
14, rue Sigefroi
L-2536 Luxembourg
comite.alstad@pt.lu
PUBLICITE DANS LES „ALSTAD NEWS“
Le „Comité Alstad“ qui a particulièrement à cœur la sauvegarde du patrimoine de la Vieille Ville, est une organisation à but non lucratif qui n’est pas subventionnée par les autorités, se compose uniquement de bénévoles. Les monuments architecturaux à conserver ne manquent certainement pas au cœur des anciens quartiers de la ville, riches en histoire.
Le „Comité Alstad“ s’occupe depuis 86 ans de l’histoire vivante, de l’essor et de l’animation de ce patrimoine. De plus, depuis 1937, le „Comité Alstad asbl“ a fait revivre la tradition de l'“Éimaischen“, qui a été inscrite sur la liste du patrimoine culturel immatériel de l’Unesco.
Deux fois par an, le „Comité Alstad“ publie les ALSTAD NEWS – Nouvelles de la Vieille Ville, comprenant également des articles tels que „Bâtiments et maisons historiques de la Vieille Ville“ et „Personnalités de la Vieille Ville“ deux fois par an : avant Pâques et en novembre. Cette publication est diffusée aux membres, aux membres d’honneur et aux sympathisants du „Comité Alstad“, aux artisans et commerçants de la Vieille Ville et distribuées au MNHA, au LCTO et au Musée de la Ville de Luxembourg.
Afin de pouvoir assurer les prochaines éditions des ALSTAD NEWS, nous serions heureux de trouver des commerçants, entreprises et artisans de la ville qui nous soutiendraient par de la publicité.
La prochaine parution des ALSTAD NEWS est prévue début novembre 2023 et les personnes intéressées peuvent commander des annonces au formats et tarifs suivants
– 1/3 page – 78 x 160 mm – 150 EUR
– 1/6 page – 77 x 78 mm – 100 EUR
Les commandes sont à adressser avant le 15 octobre 2023 à :
Am Kader vun den Journées Européennes du Patrimoine 2023 déi dëst Joer dem „living heritage“ reservéiert sin, publizéiert de Comité Alstad e Buch mam Titel „ Éimaischen & Aulebäcker … Luxemburger immaterielles Kulturerbe“.
D’Organisatioun vun de Vereenten Natioune fir Erzéiung, Wëssenschaft a Kultur (UNESCO) bezeechent als „immateriellt Kulturierwen“ Gebräicher, Opféierungen, Ausdrocksweisen, Uluechten, Wëssensschätz a Fangerfäerdegkeeten, déi d’Mënsche selwer als Deel vun hirem kulturellen Ierwen ugesinn. Mat derzou gehéieren och d’Saachen an d’Plazen, d’Geschier an d’Gezei, déi ee brauch, fir dës Traditiounen um Liewen ze erhalen. Vu Generatioun zu Generatioun gëtt dës Ierfschaft ëmmer nei vun hiren Ierwen erschaf, am Zesummespill mat hirem jeeweilegen Ëmfeld, hirer Geschicht an der Natur.
Dofir gëtt dat immateriellt Kulturierwen och gären „liewegt Kulturierwen“ genannt: lieweg, well déi Mënschen, déi et iwwerhuelen, et als sollech unerkennen an um Liewen halen; lieweg awer och, well et hinnen e Gefill vun Identitéit a Kontinuitéit vermëttelt. Doduercher gëtt d’Villfältegkeet an der Kultur geuecht an d’Schafensfreed vun de Mënsche gefuerdert a gefërdert. D’Leit halen hiert Ierwen um Liewen an hiert Ierwen dréit zu hirem Liewe bäi – ëmmer erëm op en Neits.
Eng vun de beléiftsten Traditioune bei de Lëtzebuerger ass d’Éimaischen, en alen Aulebäckermaart, dee Joer fir Joer op Ouschterméindeg um Fëschmaart, am Häerz vun der Alstad, ofgehale gëtt.
D’Éimaischen ass a bleift virun allem en Aulebäckermaart mat senge villen Zorte Péckvillercher an allerlee ierdenen Dëppen, Päifen, Geschir a Spillsaache fir déi Kleng. Hei gi sech zënter Joerhonnerten d’Lëtzebuerger an hir auslännesch Gäscht zu Dausende Rendez-vous an enger eemoleger Festdagsstëmmung.
Den Ursprong vun dësem joerhonnertenalen Handwierkermaart, dee sech am Laf vun der Zäit zu enger Kiermes ronderëm de Fëschmaart entwéckelt huet, läit ëm d’14. Joerhonnert. Op Ouschterméindeg sinn déi Nouspelter Aulebäcker op de Fëschmaart hir Wuere verkafe komm. Zu Nouspelt gëtt schonn zënter Joerhonnerten Aulegeschir gebrannt aus Nouspelter Toun, wéi an engem Dokument aus dem Joer 1458 ze liesen ass. Ënnert dem Nouspelter Aulegeschir bilden den Haaptbestanddeel, oder op d‘mannst dee kaméidiméisseg stäerksten an dofir charakteristeschsten, d’Péckvillercher, op déi sech nach haut Grouss a Kleng freeën. Donieft gouf et „Spriddelcher“ (Waasser-Péckvillercher) an „Léinefässercher“ oder „Weirachen“.
D’Buch, gouf verfaasst vum Guy Jourdain, President vum Comité Alstad asbl, deen et am A5-Format vun 134 Säiten éditéiert. Dës räich illustréiert Publikatioun beschäftegt sech mat den Themen Etymologie und Ursprung der Éimaischen – Die St. Theobaldus-Bruderschaft und die „Éimaischen“ – Das Töpferhandwerk – Nospelter Töpferei – ein früheres Dorfhandwerk – Stadtluxemburger Krüger und Töpfer – die „Péckvillercher“ und die „Stater Éimaischen“ – Neubelebung der „Éimaischen“ im XIX. Jahrhundert – zwei einheimische Töpfer des 20. Jahrhunderts Jean Peters und Léon Nosbusch – der Kunsthistoriker Georges Schmitt und das „Comité Alstad“.
Et gëtt offiziell présentéiert den 30. September 2023 am Kader vum „Dag vum Immaterielle Kulturierwen“ an der Abtei Neimënster an der Stad statt.
D’Buch „Die Éimaischen – Luxemburger immaterielles Kulturerbe“ gëtt et vum 1. September 2023 fir 15,- Euro an de Bicherbutteker oder kann am Viraus vum Comité Alstad asbl iwwer Iwwerweisung op de Spuerkeesskont BCEE IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 zum Präis vun 20.- € ( Porto abegraff ) bestallt ginn mat dem Vermierk „Buch Éimaischen“.
Parution d’un livre sur l‘Éimaischen – patrimoine immateriel
en langue allemande
Dans le cadre des Journées Européennes du Patrimoine 2023 placées sous le thème de « living heritage », le Comité Alstad publie un livre de intitulé „Éimaischen & Aulebäcker … Luxemburger immaterielles Kulturerbe“ -l’Éimaischen & les potiers…parimoine culturel immatériel luxembourgeois.
Une des traditions les plus chères aux luxembourgeois est l’«Éimaischen“ (fête d’Emmaüs), qui a lieu le lundi de Pâques, au Marché-aux-Poissons, au coeur même de la vieille ville de Luxembourg.
Les origines de cette foire, traditionnellement artisanale, devenue au fil du temps marché-kermesse populaire, remontent au XIVe siècle. La confrérie des potiers ou „Aulebäcker“ y célébrait la fête de leur saint patron le lundi de Pâques. Ce jour-là, les potiers du village de Nospelt, où la production de poteries est attestée depuis1458, profitaient du marché traditionnel pour vendre une grande partie de leur production annuelle.
L’oiseau-siffleur appelé „Péckvillchen“ constitue encore aujourd’hui l’objet-clef de l’Éimaischen, autrefois à côté des sifflets à eau „Spriddelcher“ ou les encensoirs „Léinefässercher“ ou „Weirachen“.
En 2008, l’Éimaischen fut inscrite à l’inventaire national luxembourgeois du patrimoine culturel immatériel de l’UNESCO. En raison de la pandémie la conférence sur l’ Éimaischen prévue le 13 avril 2021 au Lëtzebuerg City Museum dans le cadre du „25 ans Lëtzebuerg patrimoine mondial“ de l’UNESCO au Musée de la Ville de Luxembourg n’a pu se tenir devant public et a été remplacée par une visioconférence richement illustrée. La conférence en luxembourgeois fut finalement enregistrée en vidéo et agrémentée d’extraits du poême d’Emmeis´chen de Jean Henri Wachthausen, présentés par Claude Humbert.
Aujourd’hui le Comité Alstad présente, après approfondissement des recherches autour de l’Éimaischen, du métier de potier, de la poterie et des relations étroites avec le village de la poterie de Nospelt , une publication présentant l’histoire de cet héritage immatériel du patrimoine qu’est l’Éimaischen à un public très large.
Le livre, réalisé et coordonné par Guy Jourdain, président de l’association, est édité par le Comité Alstad en format A5 de 134 pages. Cette publication en langue allemande, richement illustrée, traite notamment les thèmes suivants : étymologie et origine de l’Éimaischen – la Confrérie Saint-Thiébaut et les potiers – la poterie de Nospelt – un ancien artisanat villageois – les potiers dans la ville de Luxembourg – les „Péckvillercher“ et la „Stater Éimaischen“ – renaissance de l’Éimaischen“ au XIXe siècle – Deux artistes-potiers du XXe siècle, Jean Peters et Léon Nosbusch – l’historien de l’art Georges Schmitt et le Comité Alstad.
La présentation du livre aura lieu le 30 septembre 2023 dans le cadre du «Dag vum Immaterielle Kulturierwen» ( Journée du patrimoine immatériel) à l’Abbaye Neumünster à Luxembourg-Ville.
Le livre « Die Éimaischen – immaterielles Kulturerbe » sera en vente au prix de 15.- Euro en librairie à partir du 1er septembre 2023 ou peut être commandé à l’avance auprès du Comité Alstad asbl par virement au compte BCEE n° IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 au prix de 20.- € (frais d’envoi inclus), avec la mention „Buch Éimaischen“.
Ein Buch über die Éimaischen – immaterielles Kulturerbe
Im Rahmen der European Heritage Days 2023, die unter dem Motto „lebendiges Erbe“ stehen, veröffentlicht das Comité Alstad ein Buch mit dem Titel „ Éimaischen & Aulebäcker … Luxemburger immaterielles Kulturerbe“, das die immaterielle und jahrhundertealte Praxis hervorstreicht, welche die Éimaischen darstellt.
Eine der beliebtesten Traditionen der Luxemburger ist die „Éimaischen“ (Emmaus-Fest), ein alter Töpfermarkt, der Jahr für Jahr am Ostermontag auf dem Fischmarkt, im Herzen der Altstadt von Luxemburg, abgehalten wird.
Hier geben sich die Luxemburger und ihre ausländischen Gäste seit mehreren Jahrhunderten zu Tausenden ein Stelldichein. Die Éimaischen ist vor allem ein Töpfermarkt mit insbesondere den „Péckvillercher“ (sozusagen Vogel-Pfeifen) sowie allerlei Ton-Spielzeug und -Haushaltsgerät …
Der Ursprung dieses jahrhundertealten Handwerkermarktes, der sich im Laufe der Zeit zu einer Art Kirmes-Markt entwickelt hat, reicht ins 14. Jahrhundert. Am Ostermontag zogen die Töpfer aus dem Dorf Nospelt zum Fischmarkt um ihre Töpferware anzubieten. Seit alten Zeiten gab es in Nospelt Töpfer, wie aus einem Dokument aus dem Jahr 1458 ersichtlich ist. Unter ihren feilgebotenen Waren bilden deren wesentlichen oder doch zum mindesten geräuschvollsten und deshalb charakteristischsten Bestandteil eben die „Péckvillchercher“ (Vogelpfeifen), die noch heute Groß und Klein erfreuen. Daneben gab es „Spriddelcher“ (Wasservogelpfeifen) und irdene Weihrauchfässchen auch „Léinefässercher“ oder „Weirachen“ genannt.
Das Buch wurde von Guy Jourdain, Präsident des Comité Alstad asbl, geschrieben, der es im A5-Format mit 140 Seiten herausgab. Diese reich bebilderte Publikation befasst sich insbesondere mit den Themen:
Etymologie und Herkunft des Îmaischen – Die St. Theobaldus-Bruderschaft und die „Eimaischen“ – Das Töpferhandwerk – Nospelter Töpferei – ein ehemaliges Dorfhandwerk – Stadtluxemburger Töpfer und Töpfer – die „Péckvillercher“ und die „Stater Éimaischen“ – Wiederbelebung der „Eimaischen“ im XIX. Jahrhundert – zwei einheimische Töpfer des 20. Jahrhunderts Jean Peters und Léon Nosbusch – der Kunsthistoriker Georges Schmitt und das „Comité Alstad“.
Die offizielle Vorstellung erfolgt am 30. September 2023 im Rahmen des „Tages des immateriellen Kulturerbes“ in der Neimünster-Abtei in Luxemburg-Grund.
Das Buch „ Éimaischen & Aulebäcker … Luxemburger immaterielles Kulturerbe“ ist ab 1. September 2023, zu 15 Euro im Buchhandel erhältlich oder kann vorab bei Comité Alstad asbl per Banküberweisung auf das Sparkassenkonto BCEE IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 zum Preis von 20 EURO ( Porto inbegriffen ) bestellt werden, mit dm Vermerk „Buch Éimaischen“.